Referendumspropos vun ADR"Wëlle mir weider wuessen?"

RTL Lëtzebuerg
Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen huet déi Iddi en Donneschdeg de Moie virun der Press lancéiert.
Parlamentaresch Rentrée vum ADR
Der Oppositiounspartei no wier een no 5 Joer Blo-Rout-Gréng an der Sakgaass.

D’Land wier no 5 Joer Blo-Rout-Gréng-Regierung an der Sakgaass gelant, ëmmer méi Leit géingen an d’Ausland liewe goen, de Wuesstem géing net bei jidderengem ukommen.

Fir de Wuesstem ze bremsen, misst een “bereet sinn, ze verzichten”, sou de Gast Gibéryen. Duerch d’Fiskalitéit kéint ee steieren, wéi eng Betriber sech am Land implantéieren.

Ze mengen d’Land wier op Wuesstem ugewisen, fir seng Pensiounen ze finanzéieren, wier falsch, sou d’ADR, well déi Beschäftegt vun haut d’Rentner vu muer sinn. A well aktuell eng Pensioun 2,5 Aktiver brauch, wier een an engem Schnéiball-System.

Back to Top
CIM LOGO