Um Campus Belval goufe Präisser an ënnerschiddleche Fuerschungsfelder, esou an der Biomedezin, der Satellitte-Kommunikatioun souwéi an der Physik verginn.

De Luxembourg Institute of Health an déi "jonk Fuerscher" goufe fir hir Aarbecht an der Promotioun vun der Fuerschung an der Ëffentlechkeet ausgezeechent.

Fir déi 11. Kéier goufen e Freideg den Owend d’FNR Awards verginn. Auszeechnungen also vum Fonds national de la Recherche, deen elo schonn op 20 Joer Aarbecht kann zeréckkucken. 655 Milliounen Euro ëffentlech Sue sinn iwwert de FNR an de leschten 2 Joerzéngten an d’Fuerschung zu Lëtzebuerg gefloss. Dat fir eng qualitativ Recherche ze promouvéieren.

Extrait Marc Schiltz

De Moment schaffen iwwert 2.700 Fuerscher am Grand-Duché. 1.600 dovun am ëffentleche Secteur. Mat der Fuerschung soll net nëmmen Äntwerten op gesellschaftlech Problemer fonnt ginn, ma och d’Wirtschaft soll diversifiéiert kënne ginn. Dofir hätt een déi leschte Joren och besonnesch Efforte bei der Zesummenaarbecht tëscht Betriber an der Fuerschung an dem Staat an der Fuerschung gemaach.