Wéi schonn déi lescht 11 Joer goufen och e Freideg d'FNR Awards vum Fonds National de la Recherche verdeelt. Dës Woch stelle mir Iech d'Gewënner vir.

6 Projete goufe vun enger Jury zeréckbehalen. D'Laureate weisen, wéi international an diversifizéiert d'Fuerschung hei am Land ass.

Deel 6: Spill Science Quest

Eng Equipe vu Fuerscher vum Luxembourg Institute of Health verschwënnt op eng mysteriéis Aart a Weis. Grad an deem Moment wou ee virun enger grousser Decouverte stoung. Am Science Quest, engem Spill, kruten d’Participanten d’Missioun, de Fuerschungsprojet op en Ënn ze bréngen.

FNR Awards (Deel 6)
Wéi schonn déi lescht 11 Joer goufen och e Freideg d'FNR Awards vum Fonds National de la Recherche verdeelt.

Hei gouf dat ganzt op eng spilleresch Aart a Weis vermëttelt. Op 11 Statioune kruten d’Leit bannent 2 Stonnen déi ënnerschiddlech Facetten vum Lëtzebuerger Zenter fir Gesondheet gewisen.

De Science Quest gouf an Zesummenaarbecht mat der Biobank, dem Gesondheetsministere an dem Fonds National de la Recherche am Tramsschapp organiséiert. Nächst Joer oder spéitstens 2021 wéilt een eng zweeten Editioun organiséieren.

Deel 5: Mikroben am Daarm

Eleng am Daarm huet all erwuesse Persoun 1,5 Kilogramm Bakterien. D‘Mikrobiologin Linda Wampach huet an hirer Dokteraarbecht, déi vum Fonds National de la Recherche ausgezeechent gouf, analyséiert, wéi sech de Gebuertswee op d‘Zesummesetzung vun den Daarmbakterie vun Neigebuerenen auswierkt. Fir d’Etüd goufe Stullprouwe bei Mammen an hire Kanner iwwert e puer Deeg agesammelt. Eent vun de Resultater wier, datt eng vaginal Gebuert e positiven Impakt op d’Entwécklung vum Immunsystem bei Kanner hätt.

Serie FNR Awards - Deel 5
Wéi schonn déi lescht 11 Joer goufen och e Freideg d'FNR Awards vum Fonds National de la Recherche verdeelt. Dës Woch stelle mir Iech d'Gewënner vir.

Deel 4: Nowuess an der Fuerschung

FNR Awards Deel 4 - Jeunes scientifiques / Reportage Pierre Weimerskirch (31.10.19)
Wéi schonn déi lescht 11 Joer goufen och e Freideg d'FNR Awards vum Fonds National de la Recherche verdeelt. Dës Woch stelle mir Iech d'Gewënner vir.

Bal 3.000 Leit schaffen zu Lëtzebuerg an der Fuerschung. E Secteur, fir dee sech och ëmmer méi Jonker interesséieren. D'"jonk Fuerscher" organiséieren zanter de 70er Joren e Concours fir Nowuesstalenter a kruten dofir d'lescht Woch e Präis vum Fonds National de la Recherche. Jugendlecher, déi hir eege Fuerschungsprojete wëllen ëmsetzen, ob an de Sozial- oder Naturwëssenschaften, kënnen dat bei der Fondatioun "jonk Fuerscher" maachen.

FNR Awards Deel 4 / Reportage Pierre Weimerskirch (31.10.19)

Deel 3: Interferenzen an der Satellitekommunikatioun

FNR Awards - Deel 3
Eng spuenesch Fuerscherin vun der Uni Lëtzebuerg analyséiert ënnert anerem, wéi Interferenzen tëscht esou Reseaue verhënnert kënne ginn a krut dofir en FNR Awar

Zwee Reseauen, déi allebéid ouni Kabel fonctionnéieren. Eng spuenesch Fuerscherin vun der Uni Lëtzebuerg analyséiert ënnert anerem, wéi Interferenzen tëscht esou Reseaue verhënnert kënne ginn a krut dofir en FNR Award. Et si virun allem déi künfteg Generatiounen, déi sech vill méi mat der séierer Kommunikatioun ausernanersetze mussen. D'Eva Lagunas fuerscht zanter 5 Joer ënnert anerem an der Satellitekommunikatioun. Wéi erkläert ee senge Kanner, wat ee mécht?

Wat mëss du, wat ass ee Satellit? Wat ass Fuerschung? Ech erklären, mir sichen no neien Technologien fir di nächst Kommunikatiounssystemer.

D’Fuerscherin analyséiert wei Satelliten- an terrestresch Kommunikatioun nieftenee ka fonctionnéieren a wéi Interferenze kënne verhënnert ginn. Soubal een en aner Servicer op der selwechter Bandbreet notzt, kann et zu Interferenze kommen. Dat kéint Repercussioun op d’Qualitéit vun de Servicer hunn.

Stellt iech vir, dir hutt eng Satellite-Schossel, déi bei iech um Daach ass. An dir kuckt Fernseh. An an der Géigend ass een aneren no bei iech, deen e staarkt Signal schéckt. Dat kann zu Interferenze féieren. Wat kéint heeschen, datt de Receiver net d’Méiglechkeet huet, fir d’Signal ze iwwersetzen an abemol ass d’Signal ofgebrach.

Dëst wier wuel de schlëmmste virstellbaren Effet, deen Interferenze kennen hunn. Ma grad zu Lëtzebuerg misst ee bei der Ëmsetzung vum 5G-Reseau oppassen, datt de Satellitebedreiwer SES keng Schwieregkeete mat senger Kommunikatioun kritt.

FNR Awards Deel 3 / Rep. Pierre Weimerskirch (30.10.19)

Deel 2: Computer ersetzt Pipette

FNR Awards Deel 2 / Reportage Pierre Weimerskirch (29.10.19)
Wéi schonn déi lescht 11 Joer goufen och e Freideg d'FNR Awards vum Fonds National de la Recherche verdeelt. Dës Woch stelle mir Iech d'Gewënner vir.

Am LCSB, dem Zenter fir systemesch Biomedezin um Belval, versiche Fuerscher nei Behandlungsforme fir Parkinson-Patienten z'entwéckelen.

An eiser Serie iwwert d'Gewënner vun den FNR Awards geet et en Dënschdeg ëm e Computer-Modell, dee Wëssenschaftler entwéckelt hunn, fir Zellen ze bestëmmen a Weeër ze sichen, Zellen ze transforméieren. D'Iddi vum Computer-Modell, deen d'Fuerscher entwéckelt hunn, ass wichteg, fir Genen z'identifizéieren, déi et méiglech maachen, Zelle vun engem Typ an een aneren ëmzewandelen. Dat Ganzt baséiert op mathemateschen Iwwerleeungen.

Antonio Del Sol Mesa vun der Uni Lëtzebuerg: "Baséierend op mathematesche Consideratioune kënne mer Modeller entwéckelen, déi verstinn, wéi Zellen opgebaut sinn a wéi mer dës an anerer kënnen ëmwandelen. Dopamin-Neurone si wichteg Zellen an der Behandlung vu Parkinson. Mat eisem Modell kënnen aner Zelle modifizéiert ginn an esou kënnen nei Neuronen entstoen."

FNR Awards Deel 2 / Reportage Pierre Weimerskirch (29.10.19)

Deel 1: "Energie ass ëmmer an iwwerall"

Serie FNR Awards - Deel 1
Wéi schonn déi lescht 11 Joer goufen och e Freideg d'FNR Awards vum Fonds National de la Recherche verdeelt. Dës Woch stelle mir Iech d'Gewënner vir.

2018 huet de Riccardo Rao seng Dokteraarbecht an der Physik op der Universitéit zu Lëtzebuerg verfaasst. Den haut 30 Joer alen Italiener ass der Fro nogaangen, wéi lieweg Organismen Energien ëmwandelen. De Physiker mécht Grondlagefuerschung. Zil ass et, Phänomener ze verstoen a net onbedéngt direkt konkret Applikatiounen ze entwéckelen. An der Dokteraarbecht, déi vum FNR ausgezeechent gouf, geet et ëm de Phänomen vun Energie-Transfusiounen a biologesche Systemer.

FNR Awards Deel 1 / Reportage Pierre Weimerskirch (28.10.19)

Riccardo Rao: "Mir iessen eppes, eigentlech fir ze liewen. D'Energie, déi mir vum Iesse kréien, kënne mir zum Beispill a Beweegung ëmwandelen. Ouni dës Ëmwandlunge vun Energie wier Liewen net méiglech."

De Fuerscher huet dës Fro mathematesch opgeschlësselt. Wann een dëst besser versteet, versteet een och d'Liewe besser.