Den 20. November ass den Datum vum Weltkannerdag. RTL huet de Kanner d'Muecht op Radio an Télé Lëtzebuerg ginn!

E Mëttwoch war Weltkannerdag

De Weltkannerdag markéiert den Anniversaire vun der Kannerrechtskonventioun, déi 1989 vun der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen ugeholl gouf. Op dësem Dag mécht d'Unicef en Appell un d'Kanner weltwäit, d'Kontroll ze iwwerhuelen, sech Gehéier ze verschafen a sech mat deene Kanner op der Welt, déi am meeschte benodeelegt sinn, ze solidariséieren.

Weltwäit hunn d'Kanner e Mëttwoch de Kommando uginn, andeems si verschidde Rollen iwwerholl hunn, am Beräich vun de Medien, der Politik, der Ekonomie an am Sport, fir op dréngendst Erausfuerderunge vun hirer Generatioun opmierksam ze maachen.

Unicef

Alles a Blo fir d'Rechter vum Kand!
Eng Sensibiliséierungscampagne, bei där op d'Rechter vum Kand opmierksam soll gemaach ginn, goufen eng Partie Gebaier blo beliicht.

Zuch vun der Demokratie

141 Kanner haten um Mëttwoch Rendez-vous mat den Deputéierten um Krautmaart. Si sinn tëscht 8 an 12 Joer jonk a koumen aus deene verschiddensten Ecken aus dem Land an d’Chamber. Op groussen, selwer gebastelte Männercher hu si hir Erwaardungen a Fuerderungen un d’Politik formuléiert. Virun allem maachen d’Kanner sech ganz vill Gedanken ëm d’Ëmwelt an d’Propretéit vum Planéit, do am Virdergrond awer d'Reduzéiere vum Plastik.

141 Kanner hunn e Mëttwoch d'Chamber gestiermt
Si hate vill Froen a Proposen am Rucksak a ware voller Virwëtz.

Wärend enger Stonn gouf a Gruppen geschafft an Iddien ausgetosch. Duerno goufen an der Plenière déi wichtegst Punkte presentéiert. Kuerz viru Mëtteg goung d’Sitzung op en Enn.

Virun 30 Joer gouf d’UNO-Kannerrechts-Konventioun ënnerschriwwen

An deem Kader hat en Dënschdeg schonns den Ombuds-Comité fir d'Rechter vum Kand säi Joresrapport un de Chamberspresident an un de Premier iwwerreecht. Doraus geet ervir, dass an de leschten 12 Méint 130 nei Dossieren hu mussen opgemaach ginn, déi eng 250 Kanner concernéieren.

Eng 30 Dossieren hu sech mat Fäll vun enger Trennung oder Scheedung befaasst, eng ronn Dose goungen der ëm Kanner vun Demandeurs d'Asyl an 9 Dossieren haten de Placement vun engem Kand an engem Foyer oder de Placement judiciaire zum Sujet.

An Däitschland ass d'Zuel vu Kanner déi vernoléissegt ginn, oder permanenter Gewalt ausgesat sinn, iwwregens am leschte Joer däitlech an d'Luucht gaangen. Dem statistesche Bundesamt zu Wiesbaden no, goufen zejoert 50.400 esou Fäll bei eisen Nopere registréiert. Dat wier eng Hausse vun 10% géigeniwwer dem Joer virdrun, a parallel wieren awer ëmmer manner Kanner an Däitschland duerch Aarmut oder sozial Ausgrenzung menacéiert.

Weltkannerdag um Radio

Weltkannerdag: D'Kanner um Radio
Um Weltkannerdag konnten déi Jong déi brisant Froe stellen.

De Weltkannerdag markéiert iwwerdeems den Anniversaire vun der Kannerrechtskonventioun, déi jo 1989 vun der Generalversammlung vun de Vereente Natiounen ugeholl gouf. Den Dag vun haut, also den 20. November, sträicht den Artikel 12 aus där Konventioun besonnesch ervir, dee seet: all Kand huet Recht gehéiert ze ginn an eng Roll an der Gesellschaft ze spillen.

Weltwäit iwwerhuelen d’Kanner also de Kommando an de verschiddenste Beräicher. An och mir hunn hinnen d’Rudder an d’Hand ginn. Dräi Kanner konnte sech een Dag laang als Reporter versichen a d'Kolleege vum Magazin hu si bei hiren Interviewe mat bekannte Lëtzebuerger Perséinlechkeet duerfte begleeden.

Fotoe vum Weltkannerdag

Mir maachen dat um Weltkannerdag och op RTL, wou d'Kanner hir Stëmm kréien. Dee ganzen Dag koume si bei eis am Programm zu Wuert. Fir dëse besonneschen Dag war eise Site dann och net "rout", mä "blo".