Am 19. Joerhonnert si vill Lëtzebuerger a Brasilien ausgewandert. Mir hunn hir Nokomme besicht a mat hinnen iwwert hir Originne geschwat.

Am 19. Joerhonnert sinn eng ronn 300 Lëtzebuerger Famillje Richtung Brasilien ausgewandert. Vill vun hinne sinn ni a Südamerika ukomm. Ma haut liewen eng geschaten 30.000 bis 50.000 Mënschen a Brasilien, déi vu Lëtzebuerger Ofstamung sinn. Well bis Enn Dezember 2018 jiddereen, deen ee Virfar mat Lëtzebuerger Originnen hat, deen am Joer 1900 gelieft huet, déi Lëtzebuerger Nationalitéit konnt ufroen, hu vill brasilianesch Famillje Recherchë gemaach an erausfonnt, datt och si aus Lëtzebuerg kommen. Si hu sech am Staat Santa Catarina virun 150 Joer niddergelooss.

Eréischt virun e puer Joer hunn der vill erausfonnt, datt se net vun däitschen Immigranten ofstamen, mä vun Lëtzebuerger. Déi meescht gi ganz emotional mat hirer nei entdeckten Identitéit ëm a sinn houfreg, Lëtzebuerger Originnen ze hunn.

Deel 3: Famillje mat Lëtzebuerger Wuerzelen

Serie: Lëtzebuerger a Brasilien (3)
Am 19. Joerhonnert si vill Lëtzebuerger a Brasilien ausgewandert. Mir hunn hir Nokomme besicht a mat hinnen iwwert hir Originne geschwat.

Den Dram vum europäesche Pass ass an de leschte Jore fir sou munch Brasilianer Wierklechkeet ginn. Wie Virfaren hat, déi 1900 zu Lëtzebuerg op d'Welt koumen, dee konnt bis Dezember 2018 déi Lëtzebuerger Nationalitéit ufroen. Am leschten Deel vun der Brasilien-Serie, léiere mer weider Famillje kennen, déi vu Lëtzebuerger Ofstamung sinn, ma och Jonker, déi vun hirer nei entdeckter Identitéit wëlle profitéieren.

Deel 2: Santa Catarina

An eisem 2. Deel vun der Brasilien-Serie geet d'Rees weider duerch de Staat Santa Catarina am Süde vum Land, wou eng grouss Zuel vu Leit mat lëtzebuergesche Wuerzele lieft. Déi genee Zuele sinn net gewosst, ma et geet ee vun iwwer 30.000 Awunner aus. Eréischt virun e puer Joren hunn déi meescht vun hinnen erausfonnt, datt se net vun däitschen, mee ebe vu lëtzebuergeschen Immigranten ofstamen. Mir hunn nogefrot wéi déi verschidde Famillje mat hirer nei entdeckter Identitéit ëmginn.

Deel 1: Luiz Alves

Zu Luis Alves, am Süde vun Brasilien, wonnert et keen, wann déi Lëtzebuerger Nationalhymne gespillt gëtt. Dem Buergermeeschter säin Numm ass Veber, Marcos Pedro Veber, a seng Virfare sinn an der éischter Hallschecht vum 19. Joerhonnert vu Lëtzebuerg a Brasilien ausgewandert. Virum Marcus Veber waren déi leschten 3 Buergermeeschter och vu Lëtzebuergescher Ofstamung.

Bei speziellen Occasioune wéi haut, wou déi Lëtzebuerger Honoraire Konsulin Karen Schwinden op Besuch kënnt, gëtt hei houfreg gewisen, datt d'Lëtzebuerger Kultur net vergiess gouf. Der Karen Schwinden hir Virfare sinn och aus Lëtzebuerg a wéi bei villen Immigrante gëtt si séier emotional, wann et ëm hiert kulturellt Ierwe geet.

Et ass am Staat Santa Catarina, wou ugangs vum 19. Joerhonnert déi éischte Lëtzebuerger Immigranten ukoumen. Brasilien ass 1822 onofhängeg ginn an direkt duerno gouf no europäeschen Awanderer gesicht, déi d'Agrarwirtschaft sollten ukuerbelen.

De Mathias Mombach vun Iechternach war offiziell den éischte Lëtzebuerger, dee sech a Brasilien niddergelooss huet. Ëm déi 300 Familljen hu sech bei der éischter Migratiounswell an den 1830er Joren a Richtung Brasilien op de Wee gemaach. Just eng 100 Familljen hunn den Iwwergang iwwert den Atlantik tatsächlech gepackt. Dem Vladir Schappo seng Famill ass eng vun hinnen. Si koume vu Munzen. Hire Virfar war de Mathias Schabo. Haut huet de Vladir, och ee vun de fréiere Buergermeeschter vu Luiz Alves, eng grouss Bananne-Plantage. Him a senger Famill feelt et un Näischt.

Déi Familljen, déi de Wee gepackt haten, hu sech op eng schéin Zukunft agestallt, fort aus dem aarme Lëtzebuerg, wou se dacks als Bauere geschafft hunn, an ee waarmt Land mat bessere Konditiounen.

De Gustavo Goedert ass Affekot, a wéi säin Numm et verréit, huet och hie Lëtzebuerger Virfaren. Hie beschäftegt sech schonn zënter e puer Joren intensiv mat de verschiddene Familljen, déi immigréiert sinn. Hie selwer huet de Lëtzebuerger Pass an ass och schonn e puer Mol hei am Land gewiescht.

Bis virun e puer Joer duechten déi meeschten Immigranten, si wieren aus Däitschland. Déi mannste woussten, datt se aus Lëtzebuerg kéimen. Déi däitsch Communautéit am Süde vu Brasilien ass riseg, ganz Dierfer wéi Blumenau sinn och haut nach vun der däitscher Kultur gepräägt.

Hautdesdaags huet e groussen Deel vun dësen Immigrante Betriber opgebaut oder ausgebaut, déi vun hire Virfare gegrënnt goufen. Déi Lëtzebuerger Traditiounen, esou wéi och d'Sprooch héiert een ëmmer erëm méi dacks.

Kuckt d'Serie "Lëtzebuerger a Brasilien" op Neijoerschdag, dem 2. an 3. Januar all Kéier nom Journal géint 19.20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.