Nei Offer mat wéineg SuccèsNëmmen 2 Demanden, fir eng Mini-Crèche opzemaachen, koumen eran

Maxime Gillen
Si sollten eigentlech eng weider Offer nieft den traditionelle Crèchen a Maisons Relaise sinn. Virun engem Joer huet en neit Gesetz Mini-Crèchen agefouert.
© RTL Archiv

Wéi den Numm et scho seet, sinn dëst eng Zort kleng Crèchen fir maximal 11 Kanner, déi vun op d’mannst zwee Betreier encadréiert ginn.

Allerdéngs hat dat neit Konzept bis ewell kee grousse Succès, mat nëmmen zwou Demanden, déi an deem Joer beim Ministère agaange sinn, fir en Agrément ze kréien.

Op Nofro heescht et vum Ministère, dass een am Gaange wier ze kucken, firwat den Interessi, eng Mini-Crèche opzemaachen, esou kleng ass an d’Gesetz deementspriechend nach eng Kéier wéilt op de Leescht huelen.

En Interview mam Christiane Meyer aus dem Educatiounsministère

Manner Kanner, manner Betreier an dofir och manner Oplagen. Esou kéint een d’Konzept vun de Mini-Crèchë resuméieren. Virun engem Joer sinn dës per Gesetz agefouert ginn, ma de grousse Succès ass bis ewell ausbliwwen. Wat eigentlech den Dageselteren eng Méiglechkeet sollt ginn, fir méi staark kënne subventionéiert ze ginn, war fir déi an der Praxis keng wierklech Optioun.

Mini-Crèchen - Reportage Maxime Gillen

Dat well d’Oplagen, déi et ze erfëlle gëllt, en ze groussen Investissement fir déi meescht Dageseltere géif bedeiten, respektiv dat hir Aarbecht ze staark verännert hätt. Zum Beispill kann d’Betreiung am Kader vun enger Mini-Crèche net Doheem gemaach ginn. An et muss een op d’mannst zu zwee Betreier sinn, fir eng Mini-Crèche opzemaachen.

Der Christiane Meyer vum Educatiounsministère no, kéint och dat e Facteur sinn, firwat bis ewell nach keng Dageselteren op eng Mini-Crèche ëmgeklomme sinn. „D’Qualifikatioun spillt sécherlech, well ech net eleng sinn a wann ech keng Qualifikatioun hunn, da muss ech eng Persoun fannen, déi eng Qualifikatioun huet, déi mat mir zesumme Loscht huet esou eng Mini-Crèche opzemaachen. Et ka scho sinn, dass dat en Hindernis ass, well fir déi ze fannen ass jo warscheinlech dann och net ëmmer esou evident. Mä dat eleng geet als Grond, mengen ech, awer net duer.“

D’Sich no den Ursaache vun dësem Manktem un Interessi wier am gaangen an et géif een sech och mat allen Acteuren um Terrain concertéieren. Bis ewell gouf et zwou Demande fir en Agreement, alle béid vu Leit, déi schonn aner Betreiungsstrukture féieren.

Fir d’Dageseltere bräicht et also méiglecherweis eng aner Solutioun: „D’Fro, déi mir eis prinzipiell stellen, ass ob mer net musse fir d’Assistance parentale oder fir d’Dageseltere wierklech en anere Wee eis iwwerleeën, ma dat sinn och Reflexiounen, déi mir am gaange sinn ze maachen, a wou et elo och ze fréi ass ze kucken, wéi dat kéint ausgesinn.“

D’Kannerbetreiung am Grand-Duché hätt déi lescht Joren eng immens Evolutioun matgemaach an do misst d’Politik respektiv d’Gesetz och heiansdo ugepasst ginn, esou d’Christiane Meyer weider: „Dat ass jo awer eréischt alles 2005 mat de Maisons Relaisen ugaangen, wou dat extrem geboomt huet. Do koum 2009 de Chèque service, dunn huet et nach vill méi geboomt. A mir sinn ëmmer hannendru gelaf an elo geet et eigentlech dorëm ze consolidéieren an ze kucken, wéi kënne mer dat Ganzt festegen. An do musse mer mengen ech e puer Kéieren huelen oder Saachen ajustéieren an dat wäert och geschéien.“

An den nächste Méint wëll de Ministère dann nei Propositioune respektiv Adaptatioune vum aktuelle Gesetz presentéieren.

Back to Top
CIM LOGO