2. Prozess an RTL-Lunghi-AffärParquet freet eng Prisongsstrof mat Sursis an zwou Geldstrofen

Roy Grotz
Am zweete Prozess, deen et am Kader vun der RTL-Lunghi-Affär gëtt, huet de Parquet eng Geldstrof vun 10.000 Euro fir den Ex-Mudam-Direkter Enrico Lunghi an ee Joer Prisong mat Sursis a 5.000 Euro Strof fir seng Fra Catherine Gaeng gefrot.
© RTL

De Reproche, deen der Koppel um Stater Geriicht gemaach gëtt, ass dee vun der Hielerei an dem Violéiere vum Untersuchungsgeheimnis.

Hielerei, also Recel, heescht an dësem Kontext, datt vertraulech Detailer aus der Enquête am Joer 2021 am Buch “Donc, nous avons menti au public” vun der Catherine Gaeng public gemaach goufen.

An deem Wierk waren Deeler aus dem Instruktiounsdossier zitéiert ginn, obwuel d’Instruktioun nach net ofgeschloss war. De Vertrieder vum Parquet huet vun engem emotionellen an eesäitege Wierk geschwat, dat eng “perséinlech Justice” géif duerstellen.

D’Partie-civillen an dësem Prozess sinn de fréieren RTL-Chef Alain Berwick, d’Mamm vun der Ex-Journalistin Sophie Schram an de fréieren RTL-Reporter Marc Thoma. Si hu vun enger “Prinzippien-Affär” geschwat.

E Mëttwoch geet de Prozess mat de Plaidoirië vun der Defense weider – dëst ëm eng Affär an e kontroverséierten Interview, déi lo 10 Joer laang zeréckleien.

Den éischte Prozess ëm d’RTL-Lunghi-Affär geet am Appell iwwerdeem am Mäerz weider.

Back to Top
CIM LOGO