
Et ass ee Virgank, wéi en zu Lëtzebuerg net dacks virkënnt: Den 3. Februar 2021, also viru 5 Joer, gouf et eng Perquisitioun op der Wëlzer Gemeng. Parallel dozou goufen och d’Raimlechkeete vun enger Baufirma a vun e puer Privatpersounen duerchsicht. Hannergrond waren zwou illegal Bauschuttdeponien um Territoire vun der Wëlzer Gemeng. Am Februar 2022 hat de Parquet vun Dikrech matgedeelt, datt géint den deemolege Wëlzer Buergermeeschter Fränk Arndt enquêtéiert géing ginn.
Den Dossier ass aktuell nach an der Instruktioun, mee déi wäert deemnächst kënnen ofgeschloss ginn.” Dat huet de Parquet den 18. November dat lescht Joer op d’Fro geäntwert, wou d’Affär drun ass. Et kann een awer beim beschte Wëllen net soen, wat de Parquet ënnert “deemnächst” versteet. Wéi eise Journalist Marc Hoscheid Ufank Januar nach eng Kéier nogefrot huet , gouf op d’Äntwert aus dem November verwisen. Op d’Propos, datt een emol een Tëschebilan zéie kéint, nom Motto, sou vill Leit goufe gehéiert, sou vill Beamten hu sou vill Stonnen um Dossier geschafft a sou weider, koum keng Reaktioun méi. D’Äntwert op d’Fro ass also: Nee et läit näischt Konkretes um Dësch, gewosst ass just, datt d’Instruktioun nach ëmmer leeft.
Déi éischt Perquisitiounen am Februar 2021 gouf et zwar wéi gesot wéinst zwou illegale Bauschuttdeponien, wéi de Parquet vun Dikrech deemools an engem Communiqué geschriwwen hat, mä d’Reprochë weie mëttlerweil awer méi schwéier. Am Februar 2022 huet den Dikrecher Parquet nees per Communiqué matgedeelt, datt d’Police judiciaire am Kader vun den initialen Enquêten op Indizie fir weider penal Infraktioune gestouss wier an dowéinst zwou weider Informations judiciaires opgemaach goufen. An deem Kader gouf et den 9. Februar 2022 nees Perquisitiounen op der Wëlzer Gemeng souwéi beim CIGR Wolz Plus, bei enger Immobiliepromotiounsfirma an enger Privatpersoun doheem. An där enger Information judiciaire geet et ëm de Reproche vun der Korruptioun am Kader vun Immobilientransaktiounen. Dem Fränk Arndt gëtt virgeworf, onpassend Relatioune mat verschiddenen Entreprisen a Privatpersounen ënnerhalen ze hunn. Nieft dem Fränk Arndt gëtt och géint eng Immobiliepromotiouns- an eng Baufirma souwéi där hire Chef an Onbekannt ermëttelt.
Am November 2021 war an engem Artikel am Lëtzebuerger Wort de Reproche opgeworf ginn, datt de Fränk Arndt bei der Renovatioun vun engem Chalet an der Géigend vu Maasseler an der Gemeng Géisdref am Joer 2017 d’Oplage vum Ëmweltministère net respektéiert hätt. An der Baugeneemegung heescht et nämlech, datt keng Annexen, wéi zum Beispill eng méi héich geleeën Terrasse, gebaut dierfte ginn. Ma bei der Renovatioun gouf awer d’Entrée vun där enger op déi aner Säit vum Chalet geréckelt a bei der neier Entrée goufen eng Trap an eng iwwerdaachten Terrasse gebaut. Een anere Reproche, deen am Wort-Artikel erhuewe gouf, war deen, datt Aarbechter vum CIGR Wolz Plus, wou de Fränk Arndt nach ëmmer President ass, bei der Renovatioun gehollef hunn, dat deelweis souguer weekends. An dëser Information judiciaire gëtt nieft dem fréiere Wëlzer Buergermeeschter och nach géint Onbekannt ermëttelt.
Politesch Konsequenzen am Sënn vun engem Récktrëtt gouf et net. De Fränk Arndt huet d’Reprochen ëmmer vu sech gewisen an ass dowéinst och Buergermeeschter bliwwen. Weder aus senger eegener Partei, der LSAP, nach vum deemolege Koalitiounspartner CSV an emol net vun der Oppositiounspartei DP gouf et Récktrëttsfuerderungen. Hien ass 2023 och nach eng Kéier als Spëtzekandidat mat an d’Gemengewale gaangen. Do gouf hien och nees den Éischtgewielten an d’LSAP déi stäerkste Partei, ma um Enn stoung awer ee Minus vu méi wéi 200 perséinleche Stëmme fir de Fränk Arndt an ee Minus vu ronn 7 Prozent an engem Sëtz fir d’Sozialisten. Als Konsequenz hunn d’CSV an d’DP eng Koalitioun forméiert an d’LSAP ass an der Oppositioun gelant. Ma zanter dësem Joer ass d’Partei nees an der Majoritéit, elo an enger Koalitioun mat der DP. De Fränk Arndt huet sech zwar Enn 2024 aus dem Gemengerot zeréckgezunn, mee wéi den neien LSAP-Schäffe Michael Schenk RTL vis-à-vis rezent gesot huet, beréit hien déi aktuell Fraktioun hannert de Kulissen. Et géing jo och kee Grond ginn, firwat déi Wëlzer LSAP sech vun him distanzéiere misst.
Et sief dorunner erënnert, datt sou laang keng Verurteelung virläit, d’Onscholdsvermuddung gëllt.