Vill Bëschbesëtzer wëssen awer mol net, wou genee hiren Territoire läit. Dëst ass ee vun den Theme vum Bëschfürerschäin. D’Grenze vun de Parzelle kënnen duerch vill verschidden Elementer gekennzeechent sinn. Een einfache Steen um Buedem kann heiansdo d’Limitt vum Terrain weisen. Den Alter oder Zorte Beem kënnen een Indiz sinn, mee da ginn et och nach méi opfälleg Oftrennungen, wéi zum Beispill ee Floss oder eng Baach, erkläert de Winfried von Loë, vun der ASBL Lëtzebuerger Privatbësch, deen och d’Seminäre fir de Bëschfürerschäin hält.
De Bëschfürerschäin ass an 10 Seminären opgedeelt, déi sech all ronderëm Thema Bësch dréien. Wann ee seng Parzell bis fonnt huet, muss een och verstoen, wéi et senge Beem geet a wat ee maache muss, fir se z’ënnerhalen. Duerch de Klimawandel ass den Zoustand vun de Lëtzebuerger Bëscher net gutt. Vill Beem si vu Krankheete betraff. Mat genee esou Situatioune léiert een och ëmzegoen.
Der Natur hire fräie Laf loossen, wier nëmmen deels richteg. Et miesst een sech zemools elo ëm seng Bëscher këmmeren. Dat sinn awer Aarbechten, déi net an engem Mëtteg gemaach sinn.
Wann d’Beem an engem ze schlechten Zoustand sinn, musse si gefält ginn. Eng einfach eidel Fläch do ze loossen, wier awer och keng Léisung. D’Planze vun neie Beem wier wichteg. Et dauert awer och mol gären iwwert 10 Joer, bis dass déi erëm ausgewuess sinn. Wärend deem mussen déi nei Planzen och ënnerhale ginn an et muss gekuckt ginn, dass hir Kroune genuch Plaz hunn, erkläert d’ASBL Lëtzebuerger Privatbësch, genau esou wei de David Michels, dee Besëtzer vun enger Bësch Parzell ass.
Wie sech fir de Bëschfürerschäin intresséiert, ka sech um Site vu Privatbesch.lu informéieren.