Cyberkriminalitéit hëlt zou"Falsch Polizisten" och zu Lëtzebuerg?

Pierre Weimerskirch
De Phenomen, datt "falsch Poliziste" Leit zu Lëtzebuerg uruffen, gëtt et nach net, ma dat wier nëmmen nach eng Fro vun der Zäit.
VIDEO: "Falsch Polizisten" och zu Lëtzebuerg? / Rep. Pierre Weimerskirch (24.1.2020)
D’Police muss sech duerch d’Cyberkriminalitéit neien Erausfuerderunge stellen.

An de leschte Jore gouf et scho Fäll, wou Krimineller versicht hunn, sech verkleet als Polizist, Zougang zu Wunnengen ze verschafen.

Virun e puer Deeg gouf op der däitscher Tëlee e längere Reportage iwwer falsch Poliziste gewisen, wou vun der Tierkei aus Leit an Däitschland bedrunn an dausende vun Euro ergattert ginn. E Phänomen, deen et esou nach net zu Lëtzebuerg gëtt, esou den Tim Pauly vun der Police.

Ma et wieren awer déi lescht Joren ëmmer nees Fäll ginn, wou “falsch Poliziste” bei Leit schelle gaange sinn. D’Poliziste misste sech zu jidder Zäit kënnen ausweisen an et kéint een och zu all Ament den 113 uruffen, wann een en Doute bei Beamten hätt.

Cyberkriminalitéit

D’Police muss sech duerch d’Cyberkriminalitéit neien Erausfuerderunge stellen. Rezent ass e Message op Facebook zirkuléiert mat engem Video mat engem kuerzen Text a schlechtem Lëtzebuergesch, wou een, wann een drop klickt, nom Login a Passwuert gefrot gouf.

Krimineller kruten esou ënnert anerem Zougrëff op privat Konte vun Internet-Notzer. Alles, wat Online-Kriminalitéit ass, hëlt och zu Lëtzebuerg zou an och Phenomener, wéi et se an Däitschland elo gouf, wieren zu Lëtzebuerg virstellbar, esou den Tim Pauly.

D’Police réit bei allem skeptesch ze sinn an d’Saachen ze hannerfroen, well Krimineller géifen ëmmer nees mat neien Tricke kommen.

Back to Top
CIM LOGO