Ze fréi fir KonklusiounenPolitesch Reaktiounen op d'Schreiwes vum Grand-Duc

Monica Camposeo
An engem ganz perséinleche Communiqué vu Genf stellt sech de Grand-Duc Henri konsequent hannert seng Fra.
VIDEO: Éischt politesch Reaktiounen op Schreiwes vum Grand-Duc / Rep. Monica Camposeo (27.1.2020)
De Grand-Duc huet e Méindeg de Moien an engem oppenen Bréif op d'Mediatisatioun vum Waringo-Rapport reagéiert.

D'Grande-Duchesse Maria Teresa ass virun 10 Deeg an de Fokus vun der Ëffentlechkeet geroden, wéi d'Lëtzebuerger Land an engem Artikel ënnert anerem geschriwwen huet, si eleng hätt d'Soen um Haff. De Grand-Duc huet e Méindeg de Moien an engem oppenen Bréif op d'Mediatisatioun vum Waringo-Rapport reagéiert. Dëse Rapport soll eng 90 Säiten iwwert de Fonctionnement vum Haff faassen a gouf dem Staatschef e Samschdeg presentéiert.

Si géing an de Medien „ongerecht accuséiert" ginn, heescht et. A véier Sproochen ass d'Schreiwes vum Grand-Duc e Méindeg de Moie verëffentlecht ginn. Nieft zwou offizielle Sproochen - Franséisch a Lëtzebuergesch - och op Englesch a Spuenesch.

De Contenu vum Waringo-Rapport, dee fir méi Transparenz beim Ëmgang vu Steiergelder sollt suergen, a vum Grand-Duc am Virfeld och gutt geheescht gouf, gëtt am oppene Bréif vum Staatschef net thematiséiert.

Et wier ze fréi, eppes ze soen

Aus der Chamber ass virun allem ze héieren, dass de Rapport muss ofgewaart ginn. De Chamberpresident Fernand Etgen huet e Méindeg am spéide Moien am Gespréich mam Eric Ewald op d'Schreiwes vum Grand-Duc reagéiert. Hie präziséiert, dass d'Chamber de Moment nach net kontaktéiert gi wier an d'Chambergremien och nach net ofchecke konnten, wéi hir Virgoensweis wier.

Et wier nach ze fréi, an där Hisiicht eppes ze soen. Et géif ee weder den Inhalt vum Rapport kennen, nach d'Missioun vum Här Waringo.

Zu der Kommunikatioun vun der Cour Grand-Ducale war et nach d'Ausso vum Chamberpresident, dass déi atypesch ass. Weider dorop agoen, wollt de Fernand Etgen awer net.

Extrait Fernand Etgen

Et misst een op de Waringo-Rapport waarden, deen dann "à tête reposée" liesen an d'Konklusiounen doraus zéien. Dat war eng éischt Reaktioun e Méindeg am spéide Moie vun der CSV-Fraktiounschefin Martine Hansen. D'Fro, ob iwwert dee Rapport just an enger Kommissioun oder am Plenum vun der Chamber sollt diskutéiert ginn, kéint och eréischt dono beäntwert ginn.

De Weekend iwwer hätt een allzäit keng Informatiounen aus dem Waringo-Rapport kritt, wéi d'CSV-Politikerin nach betount.

Extrait Martine Hansen

Waringo-Rapport soll public gemaach ginn

Et wier awer erwënscht, dass dëst Dokument och fir d'Bierger an d'Biergerinnen soll ëffentlech gemaach ginn.

André Bauler, DP:"De Premierminister huet jo scho gesot, dass dee Rapport wäert an d'Chamber kommen an da muss d'Chamber decidéieren, a wat fir enger Kommissioun oder Kommissiounen oder am Büro, wou dat wäert geschéien, fir déi Analys ze maachen."

Djuna Bernard, déi Gréng:"Ech sinn awer och der Meenung, dass esou ee Rapport sollt public gemaach ginn. Ech mengen, dass d'Leit dobaussen d'Recht hunn, fir do de Contenu ze wëssen. De Grand-Duc geet jo och a sengem Bréif op Transparenz an op de Wëllen, fir modern an transparent als Institutioun ze sinn. An ech denken, dass mir do op enger gemeinsamer Linn sinn an och déi Piste solle weiderféieren."

Georges Engel, LSAP:"Alles, wat am Rapport géing stoen, a wat net géing public ginn, géing alt erëm eng Kéier zu Iwwerleeunge féieren, zu Rumeure féieren, zu Spekulatioune féieren, déi näischt zur Saach bäidroen. Dofir fannen ech et gutt, wann de Rapport public gemaach gëtt."

De Grand-Duc stellt sech hannert d'Engagementer vu senger Fra, déi esou net zur Diskussioun stinn, sou nach d'Martine Hansen zum Communiqué vum Staatschef. Et ginn de Moment nach keng kloer Reegelen, déi kloer Reegele musse kommen. Si ass der Meenung, dass de Rapport op déi Fro wäert eng Léisung hunn. Et hätt ee vollt Vertrauen an den Här Waringo.
Eng Méiglechkeet ass, dass den Rapport an der Institutiounekommissioun analyséiert gëtt.

Sven Clement, Piratepartei:"Do ass elo d'Regierung gefrot, eis de Rapport esou séier wéi méiglech zouzestellen, datt mir en net eréischt an der Kommissioun déi éischte Kéier gesinn, mä datt déi Deputéiert sech kënnen en amont drop preparéieren, wat an deem Rapport steet. An deementspriechend éischt Recommandatiounen an der nächster Institutiounekommissioun kënne formuléiert ginn."

Waringo-Rapport ofgeschloss: De Grand-Duc reagéiert: "Firwat eng Fra attackéieren?"
Tëscheruff vum Roy Grotz: Message vum Haff: eng souverän Reaktioun?

Back to Top
CIM LOGO