Klima vun Angscht dominéiert um groussherzoglechen Haff

© SIP
Ronn 40 Säite laang ass de Rapport vum fréieren IGF-Direkter Jeannot Waringo iwwert dat internt Fonctionnement vum Haff.
Vill Departen, groussen Drock fir d’Mataarbechter a Vermëschung vu Privatem an Ëffentlechem, dat ass grosso Modo dat wat aus dem Waringo-Rapport ervirgeet.
D’Missioun, déi de Jeannot Waringo vum Premier krut, war kloer: et sollt een en Aperçu kréien iwwert d’Gestioun vun de Fraise vum Haff a virun allem vun de Personalkäschten a senger Gestioun. A sengem Rapport soll hien eisen Informatiounen no deemno virop Bezuch op aner europäesch Kinnekshaiser maachen. Vergläicher doriwwer, wéi si intern fonctionéieren, doriwwer, wéi si Ëffentleches a Privates trennen, doriwwer, wéi hir intern an extern Kommunikatioun fonctionéiert an doriwwer, wéi si hiert Personal geréieren. A genee do fänkt et un intressant ze ginn.
De Jeannot Waringo stellt fest, datt an där Period, déi hie méi detailléiert analyséiert huet, eisen Informatiounen no d’Joren 2014 bis 2019 ronn 50 Leit de groussherzoglechen Haff verlooss hunn, respektiv gekënnegt kruten. Departen an d‘Pensioun sinn hei ausgeschloss.
Doriwwer eraus huet hie sëllege Gespréicher gefouert, souwuel mat aktuellen ewéi fréiere Mataarbechter an zitt dorausser Conclusiounen, déi wéineg Fräiraum fir Interpretatioun loossen: "Les collaborateurs se sentent sous pression", "anxièté d’être réprimandé", "jovialité rare" oder "peur du blâme", dat sinn nëmmen e puer Zitater aus dem Waringo-Rapport, déi eis zougedroe goufen. D’Personal wier doriwwer eraus och wéineg informéiert iwwert Decisiounen, déi getraff ginn, an un interner Kommunikatioun géif et absolut feelen.
Zënter dem Juni 2019 wier de Jeannot Waringo quasi all Dag am Palais gewiescht an hätt heibäi och misste feststellen, datt et vill Grozone géife ginn, wann et ëm Vermëschung vu Privatem an Ëffentlechem géif goen.
E Freideg kënnt de Rapport an de Regierungsrot. Duerno um 12 Auer soll en um Internetsite vun der Regierung der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach ginn. Gläichzäiteg kritt de Chamberpresident Fernand Etgen e via Courrier zougestallt. Den nächste Mëttwoch gëtt de Waring-Rapport dann an der Institutiounekommissioun diskutéiert.