Den 11. Februar ass den "International Safer Internet Day". Op deem Dag gëtt versicht, op d’Geforen aus dem Netz opmierksam ze maachen.

Safer Internet Day
En Dënschdeg awer huet ee sech a ronn 160 Länner weltwäit iwwert d'Sécherheet am Internet informéiert.

Virun allem Kanner a Jugendlecher si sech dacks net bewosst, wéi eng Konsequenzen hiert Verhalen am Netz mat sech brénge kann. Dofir ass et wichteg, déi jonk Generatioun vun Ufank u fir d'Sécherheet am Netz ze sensibiliséieren.

AUDIO: Safer Internet Day / Monica Camposeo (5.2.2020)

Mir waren am Lycée Aline Mayrisch an der Stad op Besuch. Ënnert der elektronescher Tafel houng eppes, wat un en Adventskalenner erënnert huet. An déi nummeréiert, donkelblo Täsche leeën d'Schüler an d'Schülerinnen hir Handyen dran, ier de Kuer ufänkt. Wärend eiser Visitt stoung awer net Mathe oder Däitsch um Stonneplang, mä alles, wat sech ëm déi digital Welt dréint. Den Daniel Silva ass Trainer bei BEE SECURE an huet de Schüler a Schülerinnen erkläert, wat mat hiren Daten am Internet geschitt.

Daniel Silva: „Do hu se ganz erstaunt reagéiert, well se net wëssen, dass eng Foto vun hinnen einfach sou am Internet ka weiderverkaf ginn, dass hir Informatioune gesammelt ginn, dass se verwäert ginn. Mat nëmme 5 oder 6 Likes ka schonn de psychologesche Profil vun engem erstallt ginn an dat ass fir si dann erstaunlech." D'Themen, déi bei de Formatioune vu BEE SECURE ugeschwat ginn, riichte sech un den Interessi vun de Kanner:

Daniel Silva: „Also vill iwwer Cybermobbing, well dat och wierklech en Thema ass an och iwwert déi ganz Daten, déi gesammelt ginn, iwwer Big Data, wat dat mat sech bréngt, wat déi Firmaen alles iwwert eis wëssen, wéi schnell si un Informatioune kommen, wéi einfach si och un Informatioune kommen an dass mir hinnen déi Informatiounen einfach op engem Plateau liwweren an mir eis och net d'Fro stellen, wat si domadder maachen."

An dësem Schouljoer heescht d'Motto „check your facts". Net alles, wat een am Internet liest oder gesäit, stëmmt och:

Daniel Silva: „Mir gesi ganz vill, wéi ee kann Biller manipuléieren a meeschtens ass et dann och esou, dass d'Kanner awer erstaunt sinn, dass een esou Saache kann maachen."

An d'Schüler a Schülerinnen hunn doduerch e puer wichteg Rotschléi geléiert: Informatiounen hannerfroen an net direkt alles gleewen... domadder wier een schonn um richtege Wee.

© BEE SECURE

Wat sinn d'Gefore fir den Notzer am Internet?
Den 11. Februar ass den "International Safer Internet Day". Op deem Dag gëtt versicht, op d’Geforen aus dem Netz opmierksam ze maachen.

Kloertext: Wie kontrolléiert meng Daten?

D’Recht op de Schutz vun eise perséinlechen Donnéeën ass e Mënscherecht, ma dës Protektioun steet an enger ëmmer méi digitaliséierter Welt viru groussen Erausfuerderungen. Wéi ginn eis perséinlech Donnéeë geschützt a wéi eng Verantwortung dréit do d’Politik, grouss Internet-Betriber oder deen Eenzelen – dat war d’Thema en Enn Januar am Kloertext op RTL Télé Lëtzebuerg.

Invitéeë beim Caroline Mart waren de Christophe Buschmann vun der Dateschutzkommissioun, de Jeff Kaufmann vu BeeSecure, de Jurist-Ekonomist Jean-Philippe Boever, de Chef vu Microsoft Lëtzebuerg Candi Carrera an de Christoph Schommer, Professer op der Uni Lëtzebuerg.

Kloertext: Wie kontrolléiert meng Daten (30.1.2020)
Elo Mëttwochs um 20 Auer. D‘Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.

Bedruch mat Money Muling (Julie Dupont)

Op der Aarbecht an och soss iwwerall ass d'E-Mail net méi ewechzedenken. Genee d'selwecht ass et an der Lëtzebuerger Entreprise „SecurityMadeInLëtzebuerg“.

Bedruch mat Money Muling
Op der Aarbecht an och soss iwwerall ass d'E-Mail net méi ewechzedenken. Genee d'selwecht ass et an der Lëtzebuerger Entreprise „SecurityMadeInLëtzebuerg“.

Esou ass dann och eng Mail beim Rita ukomm. An zwar vum Sascha, dee just e puer Meter weider an engem anere Büro setzt. Näischt Aussergewéinleches also. An awer hat d'Rita ee schlecht Gefill bei der Saach. An der Mail seet de „Sascha“ dem Rita Bescheed, dass hien een neie Bankkonto huet, an op hatt dësen da kéint aktualiséieren. Obwuel de Sascha franséisch léiert, schéngt et dem Rita dach komesch, dass e seng E-Mail op Franséisch schreift. D'Rita decidéiert sech, einfach direkt mam Sascha ze schwätzen.

A wéi d'Rita de Sascha drop uschwätzt, gëtt et ganz séier kloer, dass d'E-Mail ganz kloer net vum Sascha koum. Si entscheede doropshin dem Onbekannten ee Mail zeréckzeschécken. Dëst awer och nëmmen, well ee sech bei SecurityMadeInLëtzebuerg reegelméisseg ëm esou Virfäll këmmert an de Sascha sech an der Matière och auskennt.

Beim Centre de Renseignement financier huet een och reegelméisseg mat esou Affären ze dinn. Beim CRF geet et awer drëms, fir kriminelle Banden d'Handwierk ze leeën, déi mat Terrorismus oder Gelwäscherei ze dinn huet. An do fält een och reegelméisseg op Kontoe vu sougenannte "Money Mules".

Op Lëtzebuergesch géife mer ee "Geldiesel" soen. Dëst si Persounen, déi hir Kontoen zur Verfügung stellen, fir Virementen ze kréien an erëm ze verdeelen. Verschiddener vun dësen "Iesele" wësse genee, wat se maachen. Ma ganz vill Money Mules wëssen awer net, dass se mat kriminelle Suen a Persounen ze dinn hunn. Dobäi ginn et héich Strofen beim "Money Muling".