IMCCSKlimawandel huet Impakt op Verdeedegungs- a Sécherheets-Secteur

Pit Everling
Dat seet den neie "World Climate and Security Report" vum internationale Militär-Conseil fir Klima a Sécherheet.
Sécherheetsrisk duerch de Klimawandel
Dat seet den neie “World Climate and Security Report” vum internationale Militär-Conseil fir Klima a Sécherheet.

E Rapport, deen e Samschdeg zu München op der Sécherheetskonferenz presentéiert gëtt. Schonn e Freideg war de Chef vum genannten Experte-Conseil, Tom Middendorp, hei zu Lëtzebuerg an huet eng Rei Detailer bekannt gemaach.

World Climate & Security Report / Rep. Pit Everling

Et gouf fir déi zoustänneg Chamberkommissioun a fir d’Press also eng Zort exklusiv Presentatioun vum deem Rapport.
Den IMCCS ass e globaalt Netzwierk, wat aus 32 Länner besteet. Un der Spëtzt steet de fréiere Chef vun der hollännescher Arméi, Tom Middendorp, an dee stellt eng kloer Diagnos.

Den Tom Middendorp: Ech schaffen zënter 40 Joer am Sécherheets-Secteur. Ech hunn all Zorte vu Konflikter a Riske gesinn. Ech sinn iwwerzeegt, datt de Klimawandel déi gréisst Erausfuerderung vun dësem Joerhonnert ass.

D’Populatioun wiisst, d’Demandë vun de Leit ginn erop, déi natierlech Ressourcë ginn net duer. D’Effekter si bekannt. Den Impakt op d’Sécherheet an d’Verdeedegung misst op alle Fall ganz eescht geholl ginn. Déi gréisste Suerg ass fir d’Sécherheetsexperten d’Drénkwaasser.

Den Tom Middendorp: Wa mir d’Leit am Netzwierk froen, wat ass uewen op ärer Lëscht vu Problemer, déi en Impakt op d’Sécherheet wäerten hunn? Da kréie mer als Äntwert, datt dat den Accès zum Drénkwaasser ass. 93% vun eisen Experte gesinn hei de gréisste Problem fir déi nächst Joerzéngten.

Ënner anerem d’Drénkwaasserknappheet wäert och fir en neie geopolitesche Konflikt suergen, ee vu villen. De Klimawandel hätt awer nach vill méi direkt Konsequenzen, zum Beispill wiere vill Infrastrukturen a Gefor. D’Militäracteure wieren op alle Fall an der Responsabilitéit a kéinte wuel eppes maachen.

Den Tom Middendorp: Se kënne virzäiteg warne viru Migratiouns-fluxen, viru Wieder-Evenementer, viru Menacen a virum Impakt op d’Sécherheet.

Och de Lëtzebuerger Militär géing d’Hausaufgaben a punkto Klimaschutz maachen, versprécht den zoustännege Minister François Bausch. Ënner anerem bei den Infrastrukturen um Härebierg a beim Militär-Ekipement géingen Efforte gemaach ginn.

PDF: World Climate & Security Report

Back to Top
CIM LOGO