Och zu Lëtzebuerg si Leit op der Sich no alternative Liewenskonzepter, déi den ökologesche Foussofdrock reduzéieren. Mir hu 4 ganz verschidde Projete begleet a gekuckt, wat hir Usätz verbënnt a woura se sech ënnerscheeden.
Den Johny Diederich dreemt zanter e 16 ass dovun, en “Ecovillage” ze grënnen. Ëmmer erëm huet e probéiert, esou e Projet zu Lëtzebuerg op d’Been ze stellen, leider ouni Erfolleg. Mëttlerweil ass en Deel vun enger Genossenschaft, déi am Dezember 2019 en Terrain an der Géigend vu Köln kaf huet, fir do en Ökoduerf opzebauen – eng intergenerationell Gemeinschaft, déi esou nohalteg ewéi méiglech zesummelieft. Virun allem de Gemeinschaftsgedanken ass dem Johny wichteg:
“Vill Leit sinn net frou an dem individuellen Doheem an der klenger Wunneng ze wunnen. Bei eis traus de dech jo mol net, bei den Noperen no Salz ze froen. Mir spären al Leit an Altersheemer, kleng Kanner a Schoulen oder Maisons Relaisen an et gëtt net méi esou vill matenaner. Et sinn awer Leit, déi dat schéi fannen.”
Och zu Lëtzebuerg deet sech awer mëttlerweil eppes. Zanter gutt engem Joer ginn all éischte Freideg am Mount Info-Meetings “an Ecovillage made in Luxembourg” organiséiert. Iwwert dës Treffen huet sech mëttlerweil e Kärgrupp zesummefonnt, dee sech dem Projet unhuele wëll an iwwert eng konkret Ëmsetzung nodenkt. De Grupp vereent Leit mat ënnerschiddlechsten Hannergrënn, vum Landschaftsgäertner iwwert den Architekt hi bis zum Energie-Ingenieur. Aktuell sicht de Grupp no engem gëeegente Grondstéck an ass am Gespréich mat Proprietären. Den Interessi un hiren oppene Reuniounen ass grouss, ma wéi den Herbert Hofer erzielt, sinn d’Leit enttäuscht ze gesinn, dass de Projet nach net méi wäit fortgeschratt ass:
“Die kommen zu den offenen Treffen und sagen: Da ist ja noch gar nichts. Aber a) brauch das Zeit und b) das wichtigste ist, dass Menschen sich treffen, die eine ähnliche Idee haben, eine ähnliche Vision. Dass sich erst einmal eine Gruppe bildet, ist der Grundstein einer Gemeinschaft und auch von einem Okodorf.”
Och bei der “Tiny-house-Beweegung” ass et ee vun den Hannergedanken, säin ökologesche Foussofdrock ze miniméieren. “Tiny houses” sti klassescherweis op Rieder, firwat se dem Code de la route ënnerleien a soumat an der Héicht op 4 Meter an an der Breet op 2,55 Meter limitéiert sinn. D’Längt ka variéieren. En “Tiny house village” ze grënnen ass d’Visioun vun der “Tiny House Community”: E klengt Duerf mat 10-12 Tiny houses a verschiddene Gemeinschaftsraim. Ursprénglech sollt hire Projet “Tiny house eco village” heeschen, den Term “eco” hu se awer nodréiglech erausgeholl, well se keng ze streng Reglementer opstelle wollten, ewéi d’Nickie Lippert erkläert:
“Et geet natierlech ëm de Footprint, dee mer hannerloossen, et geet drëms, lokaalt a regionaalt Material ze notzen a manner Ressourcen ze verbrauchen. Mir hunn ebe just den Term “eco” erausgeholl, well mer gesot hunn: (...) Et wär schued, wa mer herno een net kënnen an den ‘Tiny house village’ eraloossen, well en net 100% mat Schofswoll isoléiert huet oder well e keng kompostabel Toilette, mä eng normal Toilette huet.”
De véierte Projet ass de “BENU Village” zu Esch. Hei steet am Géigesaz zu deenen aneren net d’Wunnen am Fokus, mä professionell Aktivitéiten. De Georges Kieffer huet mam Upcycling vu Kleeder ugefaangen an seng Visioune sinn ëmmer méi grouss ginn. Seng nächst Projete fir de “BENU Village” sinn organiséiert Upcycling-Workshops fir Miwwelen an e Restaurant, dee mat “rescued food” kacht, also mat Liewensmëttel, déi soss ewechgeheit gi wären. Ënner “Ecovillage” versteet hien et, d’Iddi vun der Nohaltegkeet op d’Spëtzt ze dreiwen an esou anerer ze inspiréieren:
“Mir verstinn dorënner, dass et eng Plaz ass, déi esou konsequent mat der Nohaltegkeet ëmgeet, wéi et just denkbar ass. Dat heescht, mir bauen am rengen Upcycling. Mir wëlle keng Donatiounen, just Saachen, wou d’Leit begeeschtert sinn, se kënnen ewechzeginn. Mir wëlle Material vun Industriellen, déi soss misste bezuelen, fir et kënnen ewechzeginn. Mat deene Saache baue mer, mir huelen Aarbechtsloser dobäi, fir deene Formatiounen ze ginn, wéi ee mat Naturstoffer kann ëmgoen. Mir kombinéieren déi zwee a weisen de Leit, wat domat machbar ass.”
Link: Nächst oppent Treffe vun “an ecovillage made in Luxembourg