
D’Héichschoulministesch Stéphanie Obertin huet en Dënschdeg de Mëtteg der zoustänneger Chamberkommissioun den Audit vun der Gouvernance vun der Uni virgestallt, deen de Ministère maache léisst. Dobäi geet et drëms, wéi si an der Reunioun sot:
“Eng faktuell Analys ze maache vun de Mechanisme vun der Gouvernance vun der Uni. Mir wollten d’Attributioun an d’Kompositioun vun de verschiddenen Organer gekuckt an analyséiert kréien. A mir wollten eventuell Dysfonctionnementer an de Prozesser, wéi Decisioune geholl ginn oder och an ethesche Froen oder eventuell Conflit d’Interête wollte mer identifizéiert kréien.”
Den Audit soll all déi verschidden Organer vun der Unis-Hierarchie kucken, uewen ugefaange beim Conseil des gouverneurs iwwert d’Rektorat, d’Doyenen an d’Direktere bis erof op d’Departementscheffen an de Conseil universitaire. D’Deputéiert vun der Kommissioun gesinn trotzdeem Probleemer. Si kritiséieren ënnert anerem, datt d’Auditeure mat engem Echantillon vu Leit aus den analyséierte Gremie solle schwätzen an den Audit doduerch riskéiert, net objektiv ze sinn. Déi Gréng Deputéiert Joëlle Welfring sot an der Reunioun:
“Hei gesäit et e bësse sou aus no enger Flichtübung. Et gëtt gekuckt, ob dat, wat bis elo gemaach gouf, dann och konform zum Gesetz war. Sou liest et sech op den éischte Bléck an ech fannen, wann et wierklech dat wier, da wier et wierklech e Schlag an d’Waasser. Sou eppes muss anescht ugepaakt ginn.”
Den Audit soll d’Period 2018 bis 2025 analyséieren. E soll awer bannent zéng Wochen iwwert d’Bün sinn. Datt et esou séier soll goen, war e weidere Kritikpunkt vun den Deputéierten an der Kommissioun.
E Mëttwoch de Moie mécht d’Michèle Sinner um Radio an op RTL.lu nach emol de Point zu de Virwërf géint d’Uni.lu an dem Audit.
Liest dozou och: