Viru 4 Joer gouf den Equal Care Day eng 1. Kéier an Däitschland organiséiert an e Samschdeg ass déi 1. Kéier, datt deen Dag och hei am Land gefeiert gëtt.

E Freideg den Owend war an der Chambre des Salariés an der Stad eng Konferenz mam Titel "Propreté à quel prix? Le nettoyage: un métier non-valorisé". Déi Konferenz gouf organiséiert vun der Chambre des Salariés, vum Centre pour l'égalité de Traitement, vum CID Fraen an Gender, vum OGBL a vun der Plattform JIF. Dës war dann och genee een Dag virum Equal Care Day, een Dag, dee just all 4 Joer gefeiert gëtt.

Equal Care Day 2020 / Reportage Dany Rasqué

Viru 4 Joer ass den Equal Care Day eng éischte Kéier an Däitschland organiséiert ginn an e Samschdeg ass déi éischte Kéier, datt deen Dag och hei am Land gefeiert gëtt.

Datt deen Dag grad e Samschdeg ass, dat ass keen Zoufall, do stécht eng gewësse Symbolik hannendrun, seet d'Jessica Lopes vum OGBL: "E Mann brauch am Duerchschnëtt 4 Joer fir "d'Care-Aarbecht" ze maachen, déi eng Fra an engem Joer mécht. Dofir feiert een den Equal Care Day och all 29. Februar".

Dës Kéier gëtt den Akzent op d'Aarbecht am Botzsecteur geluecht, eng Aarbecht, vun där mir all profitéieren, betount d'Jessica Lopes a mécht an engems drop opmierksam, datt et eng Aarbecht ass, déi onsiichtbar ass: "Ganz dacks schaffen d'Leit aus dem Botzsecteur fréi moies, ier déi aner Leit schaffe ginn, oder spéit owes, wann déi aner Leit bis doheem sinn. Et ass eppes wat een net gesäit, et ass awer ëmmer iwwerall propper. Et ass och e Beruff, deen net onbedéngt unerkannt gëtt, net valoriséiert gëtt, dacks ënnerbezuelt ass an dofir hu mer geduecht, et wier intressant zu Lëtzebuerg mam Nettoyage um Equal Care Day unzefänken."

Am Botzsecteur géifen d'Leit drënner leiden, datt hir Aarbecht net richteg unerkannt gëtt. Dacks géife si mat der Meenung confrontéiert ginn, datt eigentlech jiddereen dat ka maachen, wat si maachen: "Dat ass awer net onbedéngt esou. Et schafft een dacks mat Maschinnen, mat chemesche Produiten an et mécht ee repetitiv Mouvementer. De Kollektivvertrag gëtt net ëmmer respektéiert an et ass e Secteur an deem et ganz rare ass, datt ee 40 Stonne ka schaffen."

Am Secteur schaffen 83 Prozent Fraen a si leiden ënnert dem Manktem un Unerkennung. Am Duerchschnëtt wieren et 20 Stonnen, dofir géife vill Leit nach niewebäi privat botze goen an am Allgemenge wier et schwéier, am Botzsecteur ze schaffen, an eng stabel an net prekär Situatioun ze hunn.