Déi Persoun, déi sech mam Covid-19 infizéiert hat an an engem kriteschen Zoustand war, ass e Freideg un de Suitte vum Virus gestuerwen.

Et war déi véierte Pressekonferenz vun der Regierung bannent dräi Deeg. E Freideg den Owend hunn d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert, d'Familljeministesch Corinne Cahen an de Mobilitéitsminister François Bausch nach eng Kéier de Point vun der Situatioun gemaach a weider Prezisiounen zu den neie Mesurë ginn.

D'Maxime Gillen mam Resumé vun der Pressekonferenz

Gesondheetsministesch Paulette Lenert: "Ech hunn haut leider déi schwéier Tâche Iech matdeelen ze mussen, dass déi éischt Persoun un de Folge vum Coronavirus gestuerwen ass. Mir drécken op dëser Plaz der ganzer Famill an all deenen, déi dëser Persoun nostoungen eist déifste Matgefill aus. D'Persoun, déi un de Folge vum Virus gestuerwen ass, war eng eeler Persoun vu 94 Joer. Si war duerch hiren héijen Alter eng vulnerabel Persoun. Dofir wëll ech hei nach eng Kéier ënnersträiche wéi wichteg et ass, dass mir eis vulnerabel Bierger esou gutt wéi et nëmme geet schützen."

Déi betraffe Persoun, e Mann vun 94 Joer, hat sech hei am Land ugestach. D'Zuel vun den infizéierte Leit ass e Freideg den Owend op 38 geklommen. Wären der Pressekonferenz hat d'Gesondheetsministesch nach vu 34 Corona-Fäll hei am Land geschwat, ma déi Zuel ass an de Stonnen duerno no uewe geännert ginn.

En Donneschdeg war jo schonn decidéiert ginn, dass am Prinzip keng Visitte méi an Alters- a Fleegeheemer respektiv Spideeler erlaabt sinn. Doropshi war et dunn e Freideg den Appell vun der Familljeministesch Corinne Cahen, eeler Leit trotzdeem net eleng ze loossen.

D'Familljeministesch Corinne Cahen: "Ech wëll hei och nach eng Kéier profitéieren, fir en Appell un d'Familljen ze maachen. Et kann een an et soll een den Ament net bei déi eeler a bei déi vulnerabel Leit goen. Mä dat soll awer net heeschen, dass ee kee Kontakt däerf hunn an dass ee sech net soll këmmeren. Ech géif hei gären e ganz waarmen Opruff maachen, dass och wann ee physesch kann dohinner goen, dass een awer net soll vergiessen, sech ëm d'Noperen oder d'Familljememberen ze këmmeren, déi eben am Moment vläicht da manner sollen eraus goen. Och wa se eppes brauchen, solle mer all fir se do sinn."

Wat den Transport ugeet, géif een elo an der Haaptsaach dofir suergen, dass d'Passagéier genuch Plaz hunn an et kee Gedrécks gëtt, esou de François Bausch. Ma dee Problem schéngt sech scho vum selwe gereegelt ze hunn.

De Mobilitéitsminister François Bausch: "Et ass och esou, dass mer feststellen, no dem éischten Dag elo haut, dass d'Demande ganz staark erof geet an de Spëtzestonnen. Et war jo eng gewësse Suerg, esou gutt am Tram, wéi am Zuch, dass vill Leit openee séizen. Dee Risiko ass eigentlech net méi ginn, well eng ganz staark Reduktioun komm ass an de Spëtzestonnen, och vun den Zich a vun den Trammen. Bei de Bussen ass et d'selwecht. Bei de Bussen hu mer souwisou virgesi, vue dass mer d'Schülerbusse jo fräi hunn, wa mer géinge mierken, dass awer op enger Linn d'Demande awer erëm méi grouss géing ginn, dann injektéiere mer direkt Bussen an de Spëtzestonne bäi, fir dass d'Bussen net ze vill voll sinn."

A senger Funktioun als Policeminister war et dann awer och nach den Appell un d'Leit sech u minimal disziplinaresch an tëschemënschlech Reegelen ze halen. Datt d'Police misst an e Supermarché kommen, well Leit do beim Akafen unenee geroden, wier an deem aktuelle Fall uerg. D'Police wier den Ament vill am Asaz, kéint net einfach esou fräi kréien, well si jo d'Sécherheet an der Gesellschaft géif garantéieren.

Fir Hamsterkeef géif et iwwerhaapt kee Grond, huet och nach eng Kéier d'Familljeministesch Corinne Cahen betount: "Et ass iwwerhaapt kee Grond do, fir Panik. D'Stocke sinn do. Si hu genuch Stocken. Et ass ebe just et ass och bei hinnen de Manpower. D'Leit kënnen nëmmen dat maachen, wat se kënne maachen. Wann d'Leit esou massiv akafen, wéi se dat elo déi lescht 24 Stonne gemaach hunn, dann hu si natierlech Schwieregkeeten, fir d'Rayonen nees opzefëllen. Dat huet näischt domadder ze dinn, dass d'Wuer net do ass. Dat huet just domadder ze dinn, dass d'Leit, déi bei hinne schaffen, net nokomme fir d'Rayonen erëm opzefëllen."

Extrait Corinne Cahen

D'Gesondheetsministesch huet donieft nach eng Kéier betount, dass mir eis alleguer missten zesummerappen an eis Gewunnechten iwwerdenken. Déi hygienesch Mesuren, déi Gestes de barrière, déi de Ministère zanter zwou Woche kommunizéiert, wieren absolut wichteg.

D'Paulette Lenert: "Vläicht net fir eis als eenzelen, mä mir kënnen nëmmen als Gesellschaft zesummen, wa jiddereen, déi néideg Solidaritéit weist a sech och un déi Reegelen hält, dee Virus andämmen."

Schreiwes vum Gesondheetsministère

COVID-19 au Luxembourg: 12 nouvelles infections, 1 décès (13.03.2020)
Communiqué par: ministère de la Santé La Direction de la santé informe que douze nouvelles infections avec le coronavirus COVID-19 ont été diagnostiquées. Le chiffre actuel s'élève donc à 38 infections à l'heure actuelle. Le gouvernement est également dans le regret de devoir annoncer le premier décès suite aux conséquences du virus.

Le public est invité à consulter la FAQ disponible sur le site

www.gouvernement.lu/coronavirus pour les renseignements d'ordre général et les gestes de prévention à adopter ou d'appeler la hotline sous le numéro 8002 8080.
Le gouvernement tient à rappeler que les personnes présentant des symptômes d'une infection (toux, fièvre ou problèmes respiratoires) ne doivent pas se rendre chez le médecin ou aux urgences, mais sont censées appeler le 8002 8080 ou, en cas d'urgence, le 112.

Le gouvernement rappelle également que la stratégie de lutte a été adaptée. Dorénavant, elle se concentrera davantage sur la prise en charge des cas sévères et la protection des populations fragiles. Pour ces personnes, les recommandations suivantes s'appliquent :

• Effectuer les courses en dehors des heures de pointe, si possible
• Reporter les voyages non nécessaires
• Eviter les événements de masse et les lieux rassemblant, en milieu confiné, un nombre élevé de personnes (cinémas, salles de concerts, enceintes sportives) et où il n'est pas possible de maintenir une distance de sécurité de 1 à 2 mètres
• Eviter les transports publics autant que possible.