
Dat heescht konkret, datt d’Leit och an de Geschäfter hir Distanze vun 2 Meter zueneen hale mussen. Dowéinst ass et de Rot vum Ministère, fir d’Entrée ze reguléieren an d’Leit just nach a limitéierter Zuel eranzeloossen.
Dës Mesure gëtt och, wéi mer vu bausse matgedeelt kruten, ëmgesat. Et hu sech dowéinst plazeweis och Schlaange virun de Supermarchéë forméiert.

Nodeems an de leschte puer Deeg vereenzelt Chaîne selwer hir Precautioune geholl hunn, goufen d’Prozeduren elo also vun uewen erof verschäerft. Well d’Leit sech net un déi sanitär Mesuren halen, wéi mer vum Nicolas Henckes, dem Direkter vun der Confederation du commerce matgedeelt kruten.

De sougenannten “Social distancing” applizéiert sech op d’Entrée vun de Geschäfter, liest een an der Nott vum Ministère.
Ze notéieren wier och, datt d’Keesen dem Risiko net méi exposéiert wiere wéi aner Leit, ënnert der Konditioun, datt d’Hygiènes- an d’Preventiounsmesuren agehale ginn.