Premièresexame ginn adaptéiert, Tester am Fondamental verluecht

© RTL Archivbild
Donieft fält de Bilan vum "Homeschooling" positiv aus. Dat seet den Educatiounsminister Claude Meisch no 2 Deeg "Schoul doheem".
Et hätt een en immens breeden Engagement, souwuel vun den Enseignanten, den Elteren an och de Schoulen selwer. Eng Partie Froe stellen sech natierlech, am Primär haaptsächlech, am Kader vun der Orientéierungsprozedur.
D'Tester vum Cycle 4.2 am Kader vun der Orientéierungsprozedur an de Lycéeë waren eigentlech fir dës Woch virgesinn. Se goufen elo mol op d'Woch vum 30. Mäerz verluecht. Den Educatiounsminister Claude Meisch betount awer, datt een och preparéiert ass, fir de Fall wou dat net ka geschéien:
"Dann ass et sécherlech och sou, datt d'Méiglechkeet besteet, datt d'Orientatioun op Basis vun de normalen Evaluatioune stattfënnt. Mer gesi jo, datt déi Orientatioun sech nëmmen zum Deel op d'Tester baséiert an datt déi normal Bilane genee sou ausschlaggebend sinn, an an der Reegel just dat do confirméiert gëtt, wat den Enseignant iwwert d'Joer scho festgestallt huet."
D'Prozedur vun der Orientatioun wäert op alle Fall kënnen ofgeschloss ginn, ënnersträicht de Claude Meisch. Wärend d'Schüler am Lycée jo scho méi autonom an och zum Deel mam e-learning kënne schaffen, mussen d'Enseignanten am Primär vill méi op d'Elteren zielen, fir un hir Schüler ze kommen. Fir datt dat och klappt, trotz zum Beispill sproochleche Barrièren, gëtt et de Médiateur interculturel:
"Déi kënnen och Iwwersetzunge maachen. Déi kënnen am Numm vum Enseignant och d'Eltere kontaktéieren, fir Erklärungen. Se kënnen och Mailen iwwersetzen. Dee Service gëtt ugebueden innerhalb vun eise Systemer, fir sech permanent verständlech ze maachen."
Am Primär geet et elo haaptsächlech drëm, de Programm ze widderhuelen an ze verdéiwen. Eng Situatioun, un déi ee sech eruntaaschte misst, seet d'Carole Harpes-Naehren, Léierin am Fondamental. Si schafft e Plang aus, fir datt d'Elteren an d'Kanner wëssen, wat se wéi een Dag solle maachen:
"An da schécken ech hinnen den Dag drop oder 2 Deeg drop, fir datt se eng Auto-Korrektur kënne maachen. An wann dann nach Froe sinn, kënne se sech per Email mëllen oder ech ruffen hinnen un, fir méi genee Erklärungen."
Et wier fir jiddereen eng nei Situatioun betount d'Léierin:
"Et ass elo un all eenzel Enseignant an un all eenzel Schüler an den Elteren, sech bëssen ze beméien. Et kascht Zäit, et ass nei fir eis all, mä mir kënnen all dovu profitéieren."
D'Ecosproff Stefania Alunni am Interview
Dass et eng speziell Situatioun ass, ass sech och d’Ecosproff Stefania Alunni bewosst, déi allerdéngs mengt datt d’Schüler op 1ere sech och am kloren sinn, wat um Spill steet an dofir och elo bewosst widderhuelen a léieren:
D’Schüler kréien natierlech elo vun all Enseignant Aufgaben ze maachen. Fir sech dann och do z’organiséieren, duecht ech datt ech hinnen Deadlinë ginn, da musse si mer d’Exercicen bis e bestëmmten Dag schécken, an da kënne si sech och vläicht e bëssen organiséieren ënnert de Fächer an opdeelen, fir déi Matière opzeschaffen.
Fir datt d’Chancë fir d‘Ofschlossexame fir d’Schüler och fair sinn, huet de Claude Meisch annoncéiert, datt d’Examenskommissioune chargéiert goufen nei Questionnairen auszeschaffen, déi nëmmen op där Matière baséieren, déi bis elo am Kuer behandelt gouf:
Well mir kënnen net sécher stëllen, wéini d’Kuere wierklech rëm géifen ufänken an op dann déi ganz Matière vu jidderengem gesi gouf. Dat maachen ongeféier ¾ vun de Kueren aus. D’Exame wäerten also just dorobber baséieren.
Wa no der Ouschtervakanz d’Schoul rëm géif ufänken, wieren nach 4 Schoulwochen an deenen erëm normal Kuer wier an och Prüfungen:
Fir datt mer dann och doriwwer d’Joresmoyenne korrekt ermëttelen a jiddereen d’Chance huet seng Joresmoyenne nach ze verbesseren, fir insgesamt eng gutt Gesamtmoyenne ze areechen, wat jo e Mix ass tëscht den Nouten am Joer an deene vum Ofschlossexamen.
Et hätt een awer déi richteg Outilen, fir datt d’Schüler souwuel mat den Enseignanten an awer och de Matschüler am Kontakt kënne bleiwen. Déi technesch Moyene sollten deemno sou gutt wéi méiglech genotzt ginn:
Mir ginn dovun aus datt domadder jidderee gutt preparéiert ass. Well mer wëssen net wat déi nächst Wochen a Méint eis vläicht nach an dëser Situatioun bréngen. Mä egal wat kënnt, soll den Exame propper oflafen, fir datt jiddereen dono, wann en reusséiert huet, och en Diplom ka kréien.
Nei Questionnairë fir Premièresexame ginn nei ausgeschafft
Et ginn effektiv nei Questionnairë fir d'Premièresexame ausgeschafft, dat deelt den Educatiounsminister an engem Videomessage un d'Schüler via Youtube mat. De Claude Meisch huet d'Examenskommissioune chargéiert, fir nei Questionnairen auszeschaffen. Et soll nëmme Matière ofgefrot ginn, déi am Laf vum éischten 3/4 vum Joer behandelt gouf.
Domadder sollen all d'Schüler eng faire Chance kréien. Anengems appelléiert de Minister un d'Schüler, un der Matière drunzebleiwen, doheem ze léieren an a Kontakt mat den Enseignanten an de Kolleegen ze bleiwen. Op sécher Distanz wuelverstanen.