Bis elo sinn hei am Land 4 Persounen vun iwwer 80 Joer um Coronavirus gestuerwen, si haten alleguer Virerkrankungen a 14 Mënsche sinn den Ament hospitaliséiert. 4 ënnert hinne sinn an engem kriteschen Zoustand. Donieft läit d’Altersmoyenne vun den 335 Corona-Fäll bei 46 Joer a 6 Leit goufe bis ewell geheelt. An den nächste 14 Deeg wäert d’Zuel vun Infizéierten hei am Land weider zouhuelen. Dat sot d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert en Donneschdeg op engem Point Presse.
Si wollt Prezisiounen iwwert d’Maisons médicales ginn, déi zënter e Mëttwoch funktionéieren a vill Zoulaf hunn. Dohinner soll ee just no Récksprooch mat sengem Dokter goen. Si gi vun e Samschden u verstäerkt a sinn da vu moies 8 bis owes 20 Auer op.
Bis e Méinden ginn Zousazkapazitéite geschaf. Am Norden, am Osten an an der Stad. Weider Prezisiounen dozou ginn et an den nächsten Deeg.
Déi normal Aktivitéite vun de Maisons médicales, also Urgencen, déi funktionéiere just nach doheem.
