Vott an der ChamberDen Noutstand gëtt ëm 3 Méint zu Lëtzebuerg verlängert

RTL Lëtzebuerg
All eenzelen Deputéierten huet bei dëser historescher Ofstëmmung per Vott nominal mat "Jo" gestëmmt.

An der Chamber ass e Samschdeg iwwert Noutstandsgesetz debattéiert ginn. D’Gesetz gouf mat 56 Jo-Stëmmen, déi iwwregens an engem historesche Prozess aus sanitäre Grënn par Vote nominal opgeruff goufen, unanime gestëmmt.

Vott vum Etat de Cris - Reportage Claudia Kollwelter

De Rapporter vum Text, de Mars Di Bartolomeo

“D’Vitess vun der legislativer Prozedure ass der Course ugepasst, déi muss géint de Virus gefouert ginn”, huet op senger Säit de Rapporter vum Gesetzprojet Mars Di Bartolomeo erkläert. Ee Facteur ass kruzial, dat ass dee vun der Zäit. Et ass den déifgräifenste Projet an de leschte Joerzéngten, dat huet den LSAP Deputéierte Mars Di Bartolomeo direkt am Ufank vun dëser aussergewéinlecher Sëtzung e Samschdeg betount.

Mam Noutstandsgesetz soll den exzeptionellen Zoustand hei am Land, den “Etat de Crise”, och déi nächst 3 Méint laang valabel sinn. D’Chamber muss mat enger 2/3-Majoritéit den Accord ginn, fir datt d’Verlängerung kann a Kraaft trieden.

Duerch dëst Gesetz, dat e Règlement Grand-Ducal ëmsetzt, huet d’Regierung da Rechtssécherheet bei allen Decisiounen, déi an der Lutte géint de Corona-Virus musse geholl ginn.

De Rapporteur vum Projet de Loi Mars Di Bartolomeo huet ënnerstrach, datt mam Gesetz d’Chamber weider operationell bleift an net opgeléist ka ginn. De Rechtsstaat géif net heimat a Klammere gesat ginn:

“Op eng Situatioun, déi änlech wéi d’Gesetz, esou ass, wéi mer nach näischt an deenen leschte Joerzéngten erlieft hunn. De Virus huet kee Verstand, komm mir weisen, datt mer Verstand hunn. Merci!”

D’Martine Hansen vun der CSV

Séier handelen, heescht net aus der Hëft erausschéissen, dat sot e Samschdeg de Mëtteg an der Chamber d’CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen. Dat wier an dësen Zäite fatal.

Och d’CSV-Deputéiert Martine Hansen huet betount, datt een aktuell an der schlëmmste sanitärer Kris wier, datt de COVID-19 eng Menace fir d’ganz Populatioun ass an datt déi normal Instanzeweeër ze lues sinn, fir dëser Kris adequat entgéint ze wierken:

“Well eis normal legislativ Prozedur gesäit keng Urgence-Prozedur fir. Mir mussen iwwert de Staatsrot fueren, wat jo och gutt ass. De Staatsrot gëtt säin Avis, et komme vläicht puer Oppositions formelles. Dann dauert dat ganzt Méint. Dat ass am Normalfall gutt, mir brauchen eng ofgeséchert Prozedur. Mä hei ass keen Normalfall, mir sinn am Krisemodus, also muss och eise Staat an de Krisemodus. A Gottseidank erlaabt eis d’Verfassung dëse Schrëtt.”

Déi gréissten Oppositiounspartei huet d’Gesetz mat gestëmmt, allerdéngs mat Bauchwéi, wéi d’Martine Hansen sot. An dat wëll et hirer Meenung no Inkoherenze ginn an de Mesuren déi geholl goufen.

De Georges Engel fir d’LSAP

Den LSAP-Deputéierte Georges Engel huet zouginn, datt et nach ëmmer vill Froe géife ginn, een allerdéngs net Hellseher oder Zauberer kéint sinn:

Wie konnt dat do virausgesinn? A wie konnt virausgesinn, datt mer lo 5 Millioune Masken, 5 Milliounen Händchen, 150 Dausend Schutzbrëller, 150 Beootmungsmaschinnen, 2 Millioune Schutzkleeder aus China mussen afléien ze loossen, fir dat mer der Situatioun hei Meeschter ginn. Dat konnt kee viraussoen.”

Et wier eng Decisioun, déi een net liichtfankeg géif huelen, huet de Georges Engel nach betount. Et géing hei ëm Liewen an Doud goen.

E Rappell vun déi Lénk

Den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum sot, datt een och an dësem Ausnamezoustand e Rechtsstaat misst bleiwen, dat et e geféierlechen Zoustand wier an een dofir Kontroll an e staarkt a kritescht Parlament bräicht.

En historesche Vott an der Chamber, net nëmme wéinst dem Contenu

Et war schonn eng méi speziell Ofstëmm-Aktioun an der Chamber. Anescht wéi soss, konnten d’Deputéiert net alleguerten op eng Kéier fir de Gesetzprojet iwwert Computer ofstëmmen.

Et gouf een Appell nominal gemaach. Dat well d’Sécherheetsdistanzen an d’sanitär Mesuren an der Chamber hu missten agehale ginn, a well d’Deputéiert net alleguerten an deem selwechte Sall souzen. Deementspriechend laang huet d’Prozedur fir d’Ofstëmme gedauert.

D’Parlament muss e Samschdeg de Mëtteg och nach aner Gesetzprojeten unhuelen, déi näischt mat der aktueller Krisesituatioun ze dinn hunn.

Back to Top
CIM LOGO