Nei Consigne vun der SantéLeit mat suggestive Corona-Symptomer sollen elo och getest ginn

RTL Lëtzebuerg
Dat kéint heeschen, datt all Mënsch deen den Hals oder de Kapp wéi huet oder de Schnapp huet, sech kéint teste loossen.
© AFP (Archiv)

En Dënschdeg de Moie koum eng nei Consigne vun der Direktioun vun der Santé un d’Dokteren: vun elo u sollen all d’Leit mat sougenannte “symptômes suggestifs” getest ginn.

Bis ewell war et esou, dass just Patiente mat staarke Corona-Symptomer, also Otemschwieregkeeten, Houscht a Féiwer sollte getest ginn.

Donieft soll och all Persoun, déi an engem Spidol oder an engem Fleegeheem rezent gestuerwen ass an Symptomer vun Covid-19 hat, post-mortem getest ginn.

PDF: Schreiwes vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO