Desinfektiounsgel a Maske gehéieren zu den essentielle Gidder an der Coronakris... leider dacks vergraff a schwéier fir et ze kafen am Moment.

Nieft de Mesurë vum Ofstand halen, Doheem bleiwen, sech reegelméisseg d'Hänn wäschen a sech net am Gesiicht upaken, kënnen dës Utensilien nämlech d'Verbreedung vum Virus andämmen. Dofir ginn elo Betriber ënnerstëtzt, déi hir Produktioun wëllen dorop ëmstellen.

Soutien fir Reorientéierung - Reportage Annick Goerens

Nodeems kloer war, dass et mat de Masken a mam Desinfektiounsgel vir an hannen net géing erausgoen, dass souguer Autoe vu Soins à domiciles opgebrach goufen, fir Desinfektiounsgel ze klauen, hunn sech ganz vill Privatleit uechter d'Land drun gemaach, fir gréisstendeels benevole selwer ze produzéieren. Dës Quantitéite sinn awer meeschtens relativ kleng, wann een déi grouss Demande kuckt.

A well de Besoin fir dës Gidder awer ëmmer méi grouss gëtt, gouf elo eng nei Mesure lancéiert, erkläert de Mëttelstandsminister Lex Delles: „Hei geet et drëm, dass mer eng Aide kënnen ausbezuelen zu 100%, déi non-remboursabel ass, fir Entreprisen déi Gel oder op der anerer Säit Maske wëlle produzéieren. Do geet et natierlech drëm, dass déi Aide un Maschinne gekoppelt ass, also un een Invest, dee gemaach gëtt an do ass also alles eligibel wat Maschinne sinn oder aner Saachen, an op der anerer Säit fält natierlech net dran, wann ee Stoff keeft oder aner Saachen.“

Vill Betriber hunn duerch d'Coronakris ze kämpfen. D'Distellerie Difrulux zum Beispill, déi matzen am Mëllerdall läit, huet mëttlerweil just nach  5% vun hirem normale Chiffre d'affaires. Zanter dem 17. Mäerz produzéieren si elo – wéi och eng Réi aner Distillerien - amplaz vu Branntewäin a Likör, Desinfektiounsmëttel.

An der Produktioun hätt dofir awer net vill geännert musse ginn, erkläert de Patron vun der Brennerei, Gérard Leuchter: „Déi Cuven déi mer hunn, sinn all aus Inox. Dat ass mat Réierwierk. Dat ass eigentlech dat nämmlecht Mëschverhältnis wei Branntewäi mat Waasser. An mir hunn eigentlech, ausser dass mer elo aner Pompelen hunn an aner Schläich den mer nëmme fir den Desinfectant brauchen, hunn mer näischt investéiert. Dat ass also net vill. De Rescht hate mer alles do, och d'Afëllmaschinnen, wou just nach Desinfectant agefëllt gëtt a kee Branntewäi méi.“

Deemno bräicht dëse Betrib den Ament jiddwerfalls net op dës Hëllef vum Ministère zeréckgräifen. Wéi vill Desinfektiounsmëttel kann dann eigentlech am Dag produzéiert ginn a wie keeft et? „Wann mir mat der Produktioun ufänken, dat geet zimmlech séier. Mir kënne bis 1500 Liter den Dag afëllen, dat ass kee Problem. Dat sinn haaptsächlech Apdikten, Entreprisen: Busentreprisen, zum Beispill d'Post, d'Police, d'CFL.“

Bis ewell huet d’Brennerei 12.000 Liter vun dem Desinfektiounsmëttel produzéiert, d'Demande wär ëmmer nach héich an d'Cliente géingen och scho fir d'zweeten an drëtte Kéier nobestellen. Doduerch hätt hien nees eng Rei vu sengen Employéë kéinten astellen, erkläert de Patron vun der Brennerei. Normalerweis schaffen 10-15 Leit fir d'Entreprise, am Ufank vun der Krise waren et der just nach 2-3 an elo wär een nees op 5-6 Leit, sou nach de Gérard Leuchter.