Eng ganz Partie Veräiner vun der Lëtzebuerger Basketfederatioun hëllefen dem Personal aus dem Gesondheetssecteur mat Wunnengen, déi aktuell eidel stinn. Et sinn dëst Appartementer, déi wärend der Saison vun de Profie genotzt ginn. Well d’Saison zanter Mëtt Mäerz eriwwer ass an d’auslännesch Spiller a Spillerinnen zréck an hir Länner sinn, stinn dës Wunnengen eidel.
Ronn 14 Appartementer stinn op der Lëscht. Enner anerem d’Veräiner vu Bartreng, Diddeleng, Walfer, Konter a Käerjeng hunn hir Wunnenge fir d’Personal aus dem Gesondheetssecteur zur Verfügung gestallt.
