En Dënschdeg am Nomëtteg huet den Dan Kersch iwwert d'Mesuren informéiert, déi d'Aarbechtswelt betreffen.

Bis ewell wieren iwwer 370 Milliounen Euro deblockéiert ginn, fir Avancë vum Chômage partiel u Betriber ze bezuelen. Knapp 10.000 Betriber kruten de Chômage partiel fir d'Méint Mäerz an Abrëll accordéiert, domat goufe ronn 180.000 Paie bezuelt.

Pressekonferenz vum Dan Kersch

De Chômage wier wuel déi wichtegst Mesure vum Stabilitéitspak, deen d'Regierung agefouert huet, fir de Betriber am Grand-Duché an der Corona-Kris ënnert d'Äerm ze gräifen. Aktuell kréien d'Betriber dës Suen och als Avancen ausbezuelt a mussen d'Paien deemno net méi virstrecken. Trotzdeem géif dat fir eng ganz Partie Leit seriö finanziell Aschnëtter bedeiten. An do missten d'Banken eng gewësse Kulanz weisen, esou de Minister.

„Viru ronn 12 Joer huet eis Gesellschaft als Ganzt ganz vill gehollef, fir d'Banken ze retten. Haut kënnt de Moment, wou d'Banken dat kënnen zeréckginn, andeems dass si Prête strecken, andeems dass si duerch d'Fangere kucken, wann emol eng Kéier eng Mensualitéit net bezuelt gëtt. Dat ass net nëmmen eng moralesch Erausfuerderung fir d'Banken, mä et ass zu gudder Lescht och eng Fro vum ekonomesche Verstand. Kee kann en Interêt dorunner hunn, dass alles bei der Däiwel fiert.“

Leit, déi am Chômage partiel sinn, kréien 80 Prozent vun hirer regulärer Pai. Dee Montant ass awer op 2,5 Mol de Mindestloun gedeckelt. Gläichzäiteg gëtt assuréiert, dass Leit, déi de Mindestloun kréien, dësen och am Chômage partiel zu 100 Prozent bezuelt kréien.

180.000 Paie vu Leit am Chômage partiel goufe scho bezuelt
En Dënschdeg am Nomëtteg huet den Dan Kersch iwwert d'Mesuren informéiert, déi d'Aarbechtswelt betreffen.

Kleng Minoritéit vu Betriber, déi net éierlech mam Chômage partiel ëmginn

De Minister huet betount, dass déi Sue vum Staat nëmmen dierfte benotzt ginn, fir d'Paie vun de Salariéen ze bezuelen. Alles anescht wier strofbar.

„D'Gesetz gesäit och vir, dass wann een eng Fraude mécht, dass een d'Sue muss zeréckbezuelen. Firwat soen ech dat? Ma well mer leider schonn éischt Reklamatioune vu Salariéë kritt hunn, déi entweder nëmmen en Deel vun hirem Gehalt kritt hunn oder vun der Indemnitéit, déi hinnen zousteet. Well mer Meldunge kritt hu vu Salariéen, déi opgefuerdert ginn, schaffen ze kommen awer op kee Fall ze pointéieren an esou 100 Prozent vun hirer Pai da vum Patron géife bezuelt kréien. De Patron géif dann 100 Prozent Leeschtung vu sengem Salarié kréien a géif awer 80 Prozent vun der Pai vum Fonds pour l'Emploi zeréckkréien.“

De Minister wëll dann och nach dës Woch e Gesetzesprojet an de Regierungsrot bréngen, fir d'Strofe fir déi, déi vum System abuséieren, wesentlech eropzesetzen. Gläichzäiteg huet hien awer och betount, dass déi grouss Majoritéit vun de Betriber awer ganz éierlech mat dësem Instrument géif ëmgoen.

E weidere Punkt waren déi verlängert Aarbechtszäiten, déi verschidde Betriber fir hir Employéë kënnen ufroen. Bis ewell wieren 19 Demanden dofir erakomm. Dovu wieren der 15 positiv beäntwert ginn, wouvun der 12 aus dem Fleegesecteur komm wieren, esou de Minister weider. Dës géifen am Ganzen 3.751 vu 5.799 méigleche Salariéë betreffen. Zwou Demanden aus dem Secteur vum Gardienage wieren accordéiert ginn. Hei dierfen elo 260 vun den 1.496 Employéen elo legal méi laang schaffen. Eng weider Demande wier aus dem Secteur vun der Gestion des déchêts komm. Hei koum den Accord fir 8 vun de 46 Employéen.

Dann huet de Minister och nach eng Kéier en Iwwerbléck ginn, iwwert déi Mesuren, déi am Kader vun der Kris am Code de Travail geholl goufen. Dozou gehéiert zum Beispill, dass Leit, déi am Chômage partiel sinn, net dierfen entlooss ginn an dass de Congé pour raisons familiales ganz large ausgeluecht ginn ass. Dëst wier och vill genotzt ginn.

Dan Kersch entschëllegt sech net fir seng Meenung

Hie kéint sech fir villes entschëllegen a sengem Liewen, mä net fir seng Meenung. Dat war d'Äntwert vum Dan Kersch op d'Fro, ob hie sech géing entschëllege fir seng Aussoen am Zesummenhang mat der Hëllef fir Independanten.

De Minister hat an engem Austausch mat engem Frënd op Facebook hannerfrot, ob Independantë wéi zum Beispill räich Affekoten oder Patrone vu groussen Handwierksbetriber och Sue vum Staat solle kréien. Den Dan Kersch huet widderholl, et kéint a sengen Aen net sinn, datt Leit, déi bis elo vill Sue verdéngt hunn, wéilte gläichberechtegt zu staatleche Mëttele kommen. Et misst een differenzéieren an déi breet Schëllere misste méi droen, sou de Minister. Hien huet awer widderholl, datt Independanten ënner Ëmstänn och kënne vum Chômage partiel profitéieren.