Am Laf vum Mëttwoch de Moie sinn 12 Flüchtlingskanner aus Flüchtlingscampen op Lesbos a Chios, déi ouni Begleedung sinn, op Lëtzebuerg komm.

12 Flüchtlingen zu Lëtzebuerg ukomm / Live-Interventioun N. Gautier

12 Kanner, déi a griichesche Campen gewunnt hunn, 9 dovunner sinn aus dem Camp Moria. Engem Lager op der griichescher Insel Lesbos, dat komplett iwwerlaf ass. Am Plaz 3.000 Leit wunne mëttlerweil 20.000 Persounen op där Plaz. Den Ausseminister Jean Asselborn hat dofir virun engem Mount d'Iddi opgeworf, datt d'Länner op 500.000 Awunner jeeweils 10 Mineuren non accompagnés sollten ophuelen. 1.600 sollte verdeelt ginn. Ma richteg un d'Rulle koum dat net.. Lëtzebuerg wëll awer weisen, datt et klappt wa Wëllen do ass.

Schonn e Samschde kéint Däitschland nozéien an et genee sou maache wéi Lëtzebuerg. Eis däitsch Noperen hunn  nämlech annoncéiert, 50 onbegleete Kanner aus Flüchtlingscampe vun de griicheschen Inselen opzehuelen. D'Kanner do hätten genee esou ee Recht op ee mënschewierdegt Liewen ouni Angscht an Honger, esou de Jean Asselborn bei der Arrivée vun den 12 Kanner, déi an de Grand-Duché wunne kommen.

Ech wëll soen, datt mir d'Welt haut net besser gemaach hunn an och net Europa besser gemaach hunn. An och net méi schéin. Mee mir hunn eppes gemaach am Sënn vum Friddensprojet Europäesch Unioun, wou mer konkret Solidaritéit weisen. Fir d'éischt mol mat Griicheland. 

11 vun den 12 Kanner, déi vun de griicheschen Insele kommen, si Jongen. Dat kéim dohir, datt d'Mineuren an de Campen zu 93 Prozent Boufe sinn. Ee groussen Deel vun den 12 Kanner sinn aus Afghanistan. Zwee sinn aus Syrien. Op d'Fro, wéi d'Kanner, déi tëscht 11 a 15 Joer al sinn, erausgesicht goufen, huet de Minister ënnerstrach, datt hei d'UNO-Flüchtlingswierk d'Selektioun gemaach huet. Hien hätt keen Drock gemaach, esou de Jean Asselborn, deen och direkt de Kontakt mat de Jonke gesicht huet.

Also ech hu mat hinne geschwat. An ech hu d'Meedche gefrot, wéi ass  et? Hues de gutt z'iesse kritt um Fluch. Et huet e bëssen Englesch verstan. An et huet mir, si hu mir all een Androck gemaach, datt se frou sinn, fir kënnen heihinner ze kommen. Mir missten dat hikréien.

Elo kommen d'Kanner an de Norde vum Land op Munzen wunnen, an en Haus, datt d'Caritas fir si lount. D'Kanner sollen nämlech net op divers Plazen am Land verstreet ginn, mee zesummebleiwen. D'Bierger aus der concernéierter Gemeng wieren och informéiert ginn. D'Presidentin vun der Caritas d'Marie Josée Jacobs:

Da musse mir méi speit mat der Education nationale kucken, well dat verschidden Altere sinn, wou déi Kanner kënnen an d'Schoul goen. Déi vun 11 misste jo nach kënnen an d'Primärschoul goen. Do ass vun der Gemeng aus kee Problem, fir dat ze maachen. Déi méi grouss kënnen duerno an de Lycée goen oder jee no Beruffswonsch, dee se hunn, kucke mer zesumme mat hinnen dat ze maachen.

24 Stonne op 24 ginn d'Kanner zu Munzen encadréiert a kréien och déi néideg psychologesch Hëllef. Dat bedeit fir d'Caritas awer och genuch Personal zur Verfügung ze stellen, fir datt d'Kanner richteg betreit kënne ginn.

 

De Moment si mir nach am gaangen, Educateuren an Educatricen ze sichen. Fir eben och déi Aarbecht do ze maachen, wann een am 24 Stonne Rhythmus schafft, brauch een natierlech méi Leit, wéi wann een dat wärend dem Dag mécht.

Direkt no der Arrivée um Findel koumen d'Kanner an hir neit Doheem do mussen si 14 Deeg laang a Quarantän bleiwen.  Um Mëttwoch ass och d'Inspection sanitaire bei hinne passéiert.

Schreiwes vum Ausseministère

Arrivée de 12 mineurs non-accompagnés depuis la Grèce dans le cadre d'une relocalisation (15.04.2020)
Communiqué par: ministère des Affaires étrangères et européennes

En date du 15 avril 2020, douze demandeurs d'asile, de nationalité afghane et syrienne, sont arrivés au Luxembourg depuis la Grèce dans le cadre d'une relocalisation. Il s'agit de mineurs non-accompagnés (MNA), âgés entre 11 à 15 ans, qui séjournaient sur les îles grecques de Lesbos, Samos et Chios.

Face à la crise migratoire à laquelle est confrontée la Grèce depuis quelques mois et notamment face au risque de propagation de la pandémie de Covid-19 dans les camps de réfugiés surpeuplés, le Luxembourg avait décidé de venir en aide à la Grèce et d'accueillir douze mineurs non accompagnés.

Il s'agit de l'aboutissement d'une opération de relocalisation menée en réponse à l'appel à la solidarité exprimé par la République hellénique fin 2019.

Près de 5.000 MNA se trouvent actuellement en Grèce, dont 1.600 sur les îles de la mer Egée, dans des situations particulièrement précaires. La relocalisation contribue à un renforcement du système de protection en Grèce et permet l'accélération des transferts d'enfants vers la Grèce continentale.

Les enfants furent accueillis à l'aéroport du Luxembourg par le ministre Asselborn ainsi que les responsables de la Caritas. Les enfants qui seront mis en quarantaine pendant quatorze jours, seront logés dans le nord du pays.

Il est prévu que les demandeurs de protection internationale relocalisés parcourent au Luxembourg la procédure d'asile telle que prévue par la loi du 18 décembre 2015 relative à la protection internationale et à la protection temporaire.

Caritas et l'Office national de l'enfance (ONE) s'occuperont de l'accueil et de l'encadrement social de ces enfants et les soutiendront dans leurs démarches de la vie quotidienne tout au long de la procédure de leur demande de protection internationale.