Ouschteren 2020Paschtouer um Facebook zu Rouspert-Mompech

RTL Lëtzebuerg
D'Ouschterfeierdeeg si mat déi wichtegst Deeg fir d'Chrëschten an der Welt.
Paschtouer um Facebook zu Rouspert-Mompech
D’Ouschterfeierdeeg si mat déi wichtegst Deeg fir d’Chrëschten an der Welt.

Mee dëst Joer huet ee wéinst der Gesondheetskris net vill vum Ouschterfest matkritt. Op d’mannst gouf et keng ëffentlech Massen an de Kierchen an och keng Prozessiounen. Wéi een trotzdeem probéiert huet, d’Fest bei d’Leit ze bréngen, hunn de Max Hesse a Serge Pauly sech an der Gemeng-Rouspert Mompech ugekuckt. Mir hunn de Paschtouer Luc Schreiner iwwert den Ouschterweekend begleet.

De Luc Schreiner ass Paschtouer an der Gemeng Rouspert-Mompech an huet sech dëser Deeg misse villes afale loossen. Normalerweis ass déi kleng Kapell op der Giischterklaus iwwert den Ouschterweekend nämlech voll mat Leit.

Dëst Joer sinn et awer eidel Still, déi hei stinn. De Bistum huet
d’Paschtéier ugewisen, keng ëffentlech Masse méi ze halen. An dat och iwwert den Ouschter-Weekend. Trotzdeem bedeit et net, dass och nëmmen eng Mass géing ausfalen. Do ass et “business as usual” sou ze soen. Mee et sinn dann awer Momenter, wou ee ganz kloer mierkt, dass sech eppes changéiert huet.

A fir dogéint eppes ze maachen, huet de Luc Schreiner scho ganz fréi ugefaangen, sech Méiglechkeeten z’iwwerleeën, wéi een d’Leit trotzdeem erreeche kann. An der ganzer Gemeng goufen Ziedelen ausgedroen, fir d’Leit drop opmierksam ze maachen, dass och wann een net an d’Kierch goe kann, Ouschteren net ausfält.

Mee doniewent ass eppes opgefall. Wann een d’Leit erreeche wëll, da kann ee sech net just op Ziedele verloossen. Dofir huet hire sech ganz séier op senger Facebook-Säit organiséiert a bréngt all Woch op d’mannst 1 oder 2 kleng Videoe raus, wou hie sech un d’Leit dobaussen adresséiert an op hir Wënsch a Probleemer ageet. Mee sech awer och mat verschiddenen Themë méi genau auserneesetzt.

An engem vu senge leschte Videoe kuerz virun Ouschtere war d’Thema: “Grenzschließung” a wéi sech dat op d’Leit a Kierchen am Sauerdall auswierkt. Eng ganz Rëtsch Videoe sinn no knapps 4 Wochen Ausgangsspär um Facebook ze fannen. An all hu se een Zil: D’Kierch bei d’Leit heemzebréngen.

Niewent deene Ouschtermassen an der Gemeng Rouspert-Mompech gëtt et awer ee Rendezvous, deen schonn zanter 1715 Bestand huet. Um Ouschterméindeg gëtt zu Uesweller den Hellege Celsus gefeiert. De Schutzpatréiner vun de de Päerd an Aarbechtsmaschinnen.

Elo kënnen natierlech de Moment keng Gefierer geseent ginn. Well einfach esou en Tour mam Auto oder Trakter maachen ass jo net erlaabt. Mee fir de Leit awer eng Méiglechkeet ze ginn, huet een dat ganzt einfach digitaliséiert. D’Leit konnt Fotoen iwwert Facebook, WhatsApp oder Mail raschécken an déi goufen dann um Ouschterméindeg an der Kierch zu Uesweller geseent. A mat deem Opruff war een am Ufank e bëssen iwwerfuerdert. Et sinn der nämlech esou vill rakomm, dass ee scho liicht Krämpes hat se all opzehänken.

Eng Fro huet sech awer de ganze Weekend iwwer gestallt. Wat passéiert eigentlech mat deenen Ouschterkäerzen, déi normalerweis un d’Leit verdeelt ginn. Mee och dofir gouf et eng ganz pragmatesch Léisung. Déi goufen an der ganzer Gemeng verdeelt. Esou dass jiddwereen, deen eng wollt, och eng krut.

Och wann an der aktueller Gesondheetskris villes ageschränkt gouf, bedeit dat net, dass dovun och Traditiounen, Brauchtum oder Relioun muss betraff sinn. Vill méi wichteg schéngt ze sinn, wéi probéiert gëtt, genau déi Evenementer trotz der Situatioun bei d’Leit ze bréngen.

Back to Top
CIM LOGO