Coronavirus zu Lëtzebuerg71 nei confirméiert Fäll, Zuel vun Doudesaffer op 68 corrigéiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé d'Zuel vun de Leit corrigéiert, déi um Coronavirus gestuerwe sinn. 68 an net 69 Leit hunn d'Infektioun net iwwerlieft.
© RTL-Grafik

D’Altersmediane läit bei 85 Joer. Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 71 positiv geteste Patienten zënter e Mëttwoch. Dat sinn der elo am Ganzen 3.444.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 31.660 Tester gemaach. Bannent de leschte 24 Stonne waren et der 937 an dovunner waren der nëmme 71 positiv.

Aktuell sinn 205 Patienten (+14) hospitaliséiert, 35 (+2) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 552 Mënschen (+26) d’Spidol nees verloossen.

© Statec

Schreiwes vun der Santé

Revue à la baisse du nombre de décès liés au Covid-19 (16.04.2020)
Communiqué par: ministère de la Santé

Après une vérification des chiffres, le ministère de la Santé informe que le nombre de décès a été revu à la baisse. Un décès annoncé le 15 avril a été attribué au Covid-19 par erreur. Le nombre de décès suite au Covid-19 s’élève donc à 68 à la date du 16 avril 2020.

Back to Top
CIM LOGO