Wëlle vum Patient steet bei Omega 90 am Virdergrond
Fir vulnerabel Persounen, also Leit mat Virerkrankungen oder eeler Leit, ass déi aktuell Zäit besonnesch schwiereg.
Als Risikogrupp si si virop a Gefor, fir duerch eng Covid-19-Erkrankung e schwéiere Verlaf ze hunn. A ville Länner stinn do Fleege- an Altersheemer besonnesch am Fokus, an dat och zu Lëtzebuerg.
Besonnesch wa vulnerabel Persounen u Covid-19 erkranken, kann et zu méi schwéiere Verleef kommen. A ganz kritesche Fäll musse Patiente beotemt ginn, wat 4-6 Woche kann daueren, duerno kënnt och nach eng laang Rea, fir d'Longefunktioun nees opzebauen, grad esou wéi allgemeng d'Muskulatur. Fir Mënschen, déi um Liewensenn sinn, ass et keng einfach Situatioun.
Am ëffentlechen Debat gëtt net vill iwwert den Doud geschwat. An Alters- a Fleegeheemer ass dat anescht, schonn ëmmer ass et en Thema, an och elo an der aktueller Situatioun maache sech vill Leit Gedanken. Bal 100 Prozent vun den Awunner hunn eng Patienteverfügung, esou d'Nicole Weis-Liefgen, Direktesch vun Omega 90:
"D'Persoun kritt ëmmer déi beschtméiglech Soinen, hei zu Lëtzebuerg souwisou. Mir sinn a kenger Situatioun, wou mer musse soen, mir hunn net genuch Better, mir hunn net genuch Material, mir hunn déi Fro emol net. Awer et ass einfach esou, datt et Leit gëtt, déi soen, ech wëll net méi an d'Klinik oder ech wëll net un engem Respirateur hänken. Fir datt dat respektéiert gëtt, muss dat och iergendwou stoen."
Et wier ëmmer en Ofweie vu medezineschen Indikatiounen an dem Wëlle vum Patient. Fir d'Dokteren, grad a méi schwierege Situatiounen, kann eng Patienteverfügung eng Decisioun méi einfach maachen.
Weider Detailer fannt Dir op omega90.lu.