Féduse/CGFPSyndikat reprochéiert dem Educatiounsministère Vertrauensbroch

Maxime Gillen
Vertrauensbroch duerch den Educatiounsminister, sou ass e Communiqué vun der Proffegewerkschaft Féduse vun der CGFP iwwerschriwwen.

Bei der Proffegewerkschaft Féduse vun der CGFP fillt ee sech duerch d’Decisioun vum Educatiounsminister, fir d’Schouljoer am Secondaire bis de 17. Juli ze verlängeren, virun de Kapp gestouss. An engem Schreiwes geet rieds vun engem Vertrauensbroch. Dës Moossnam géif net nëmme méi Probleemer schafe, wéi se der léist, ma et wier ee bis elo guer net heiriwwer informéiert ginn, iergert sech d’Féduse, déi sech net genuch an d’Decisioune vum Ministère agebonne fillt.

Dass am Ufank Saachen hätte misse séier decidéiert ginn, dat hätt ee jo nach verstanen, ma bei der Organisatioun vum Deconfinement missten d’Sozialpartner aktiv mat agebonne ginn, esou de President vun der Feduse, Raoul Scholtes.

An Tëschenzäit hätt een awer och schonn éischt Retouren aus dem Ministère kritt, déi géifen dorobber hoffe loossen, dass de Message vun der Feduse verstane gi wier an dass d’Kommunikatioun sech elo och erëm wesentlech wäert verbesseren.

PDF: Schreiwes vun der Féduse

Back to Top
CIM LOGO