Dat sot de Sven Clement en Dënschdeg am spéide Moien no enger Reunioun vun der Chamberkommissioun fir Digitalisatioun, Medien a Kommunikatioun.

An där Reunioun goung Rieds iwwert d'Motioun vum Deputéierte vun de Piraten, déi an der Chamberssëtzung vu virun 11 Deeg deposéiert an an dës Kommissioun verwise gi war.

De Sven Clement huet vun engem breede Konsens an der Kommissiounssëtzung geschwat, elo wéilt een e konsensuelle Motiounstext op d'Bee kréien:

"D'Zil ass, dass mer eng Majoritéit dofir kréien am Parlament, méiglechst breet, fir d'Grondrechter vun de Leit ze schützen. Fir mech geet dat iwwer eng fräiwëlleg, also eng fakultativ App. Et däerf zu kengem Zäitpunkt en Zwang oder eng Diskriminéierung kommen, wann ee keng App huet an iwwer keng zentral Späicherung! Et muss ee sech ëmmer bewosst sinn: D'Zentralspäicherung géif Dier an Aangel zu all méiglechem Mëssbrauch opmaachen, an dat däerf net geschéien!"

De Sven Clement

D'Ofgeschlossenheet hätt schonn e graven Aschnëtt an d'Rechter vun de Bierger bedeit, dofir sollt elo net e weideren Aschnëtt guttgeheescht ginn, sou de Vertrieder vun der Piratepartei, fir deen och keen en Tracking vun de Leit wéilt hunn. D'Regierung hätt de Callcenter fir den analogen Tracing, iwwer Interviewen, och ëm 75 op 100 Persounen opgestockt, soudass en digitalen Tracing an abseebarer Zäit net néideg wär, och wann een ënner Drock vu bausse stéing.
Et wär net ausgeschloss, dass mer eng Tracing App brauchen. Virun deem Hannergrond wär et néideg ze legiferéieren - wat d'Regierung och wéilt -, fir dass eng zweckgebonnen App kënnt, soudass nëmmen noutwendeg Donnéeë stockéiert ginn. Där Meenung war d'Viviane Reding en Dënschdeg de Moien. Dass d'Regierung en analogen Tracing iwwer e Callcenter maache léisst, wou ee mat Leit schwätze kéint, géif der Positioun vun der CSV entspriechen, sou hir Deputéiert:

„Fir d'Problemer ze léisen, bei eis am Land, do geet et ëm Mënschen an net ëm Technologien. An dofir hu mir ëmmer gesot: Dee mënschleche Facteur, besonnesch a Krisenzäiten, ass immens wichteg.

Extrait Viviane Reding

"Mir si prinzipiell géint eng App, egal ob obligatoresch oder fräiwëlleg, well doduerch fundamental Grondrechter a Gefor wären", huet de Roy Reding erkläert. Et wär positiv, dass en analogen Tracing gemaach gëtt, iwwer Interviewen, huet den adr-Deputéierte fonnt. Sollt awer eng App agefouert ginn, géif ee sech mat alle Mëttelen dogéint wieren:

"souwuel juristescher Natur, wéi och Opruff zum zivillen Ongehorsam. Mir géifen dann och eng Campagne maachen, wou mer d'Leit géifen opruffen, sou eng App ënner kengen Ëmstänn z'installéieren, well et ass en 1. Schrëtt an en totalitäre Staat. Mir haten elo Punkte genuch, wou Reglementer oder Interpretatioune vu Reglementer haarschaarf u verfassungsrechtlech Grondrechter gaange sinn: Et geet elo duer."

Extrait Roy Reding