7 Woche liewe mir elo schonn all nom Motto „Bleift doheem“, ma fir déi eeler Leit wier et awer ganz schwéier, hir Léifsten net kënnen ze gesinn. “Mir musse léieren, mam Coronavirus ze liewen”, dat war den Haaptmessage vum Corinne Cahen. De Confinement an den Alters- a Fleegeheemer wier néideg gewiescht an dëse soll och net opgehuewen ginn, betount d’Ministesch. Ma elo sollen awer Visitte mat den néidege Sécherheets- an Hygiènesmesuren erméiglecht ginn. All Gestionnaire muss fir säin eegent Haus kucken, wéi d’Visitte kënne méiglech gemaach ginn.
D’Mesurë gesi vir, dass sech d’Famill muss umellen, spontan Visitte sinn also net méiglech. D’Zuel vun de Leit, déi an d’Haus eran dierfen, gëtt och limitéiert an de Raum muss no all Visitt gebotzt an desinfizéiert ginn, an deem ee sech trëfft. Kanner ënner 16 Joer dierfe leider net an d’Alters- a Fleegeheemer eran, ma dobaussen ass et awer och fir Kanner vun 12 Joer un erlaabt, fir a Begleedung vun engem Erwuessenen d’Bewunner aus engem Altersheem ze treffen. De Mask ass bei all Visitt obligatoresch. D’Ministesch huet dann nach emol betount, dass de Sécherheetsofstand muss agehalen ginn. Wéi dës aussergewéinlech Mesurë funktionéieren, géing sech dann un der Disziplin vun de Leit weisen.
Och an Altersheemer géing et Bewunner a Bewunnerinne mam Covid-19 ginn, déi awer keng oder wéineg Symptomer hunn. Dat huet d’Familljeministesch op enger Pressekonferenz mam President vun der COPAS, dem Marc Fischbach, gesot. Dofir wier et wichteg, an den Strukture flächendeckend ze Testen, huet d’Ministesch erkläert.
Corinne Cahen: “Bis elo goufe 4 Haiser getest, wou schonn Fäll opgetaucht waren, mä elo sollen och Tester an Heemer gemaach ginn, wou nach kee Fall war. An elo solle jo all d’Residenten getest ginn, och déi déi keng Symptomer hunn, an och d’Personal, fir dass mir do besser kënnen erausfannen, wéi d’Situatioun ass.”
An 21 vun 52 Alters- a Fleegeheemer goufen et scho Bewunner, déi positiv op de Coronavirus getest goufen, dat huet d’Familljeministesch en Dënschdeg de Mëtteg op enger Pressekonferenz mam President vun der COPAS, dem Marc Fischbach, präziséiert. 90 Persoune wieren den Ament positiv, aner 41 Leit haten de Virus a sinn elo nees geheelt. 29 Persounen aus Alters- an Fleegeheemer hunn d’Infektioun net iwwerlieft. Ma hei huet d’Ministesch och d’Kritik vun sech gewisen, dass et keng eenheetlech Richtlinne fir d’Visitte vu schwéier kranken Leit oder och vun Persounen, déi um Stierwe leien. géinge ginn. D’Direktioun vun de Santé hätt vun Ufank u Konditioune gesat:
Corinne Cahen:“De Gestionnaire, deen och säin Haus geréiert, muss decidéieren, ob d’Sécherheetsmesurë kéinte fir eng Visitt agehale ginn oder net. D’Regierung an d’Direktioun vun der Santé géinge ganz kloer erlaben, 1 oder elo och 2 Persounen an esou engem Fall fir eng Visitt z’erlaben. Wéi d’Heemer dës Recommandatioun geréieren, wier un de Gestionnairen ze kucken.”
Alters- a Fleegeheemer wiere Plazen, wou gelieft gëtt, wou Aktivitéiten organiséiert ginn. Ma et géingen och elo scho gutt Beispiller ginn, wéi d’Heemer den Residenten eng Freed bereet hunn, och wa si hir Léifsten net konnte gesinn, huet den Marc Fischbach ervirgehuewen:
Marc Fischbach: “A verschiddenen Haiser géinge Musekstonnen organiséiert ginn, Virliesungen oder och nach Concerten, wou d’Residentë vun hirer Fënster kënne Musek lauschteren. Dës Aktivitéite géingen et méiglech maachen, dass déi eeler Leit an den Heemer gutt géinge liewen.”

„Et ass fir eis immens wichteg, dass eng Ouverture kënnt, wat d’Visitte vu Leit an Alters- a Fleegeheemer ugeet! Eeler Leit, déi schwéier krank sinn oder um Stierwe leien, däerf een net eleng loosse mat hiren Ängschten”, sot d’Martine Hansen en Dënschdeg am Nomëtten no enger Reunioun vum Bureau a vun der Conférence des Présidents vun der Chamber mam Premier Xavier Bettel an de Ministesche Corinne Cahen a Paulette Lenert.
Scho virun der Pressekonferenz vun der Familljeministesch hat sech d’CSV-Fraktiounscheffin dofir ausgesprach, dass Persounen, déi Leit a sou Heemer no stinn, nees dierfte bei déi goen:
„Souwäit wéi ech dat gesinn, bleift et awer nach ëmmer d’Verantwortung vun deenen eenzelen Dokteren, vun deenen eenzelen Haiser. An ech fannen, dass een hei déi Verantwortung e bësse ka forthuelen an dass een do ganz kloer Consignen a Messagen an, wéi gesot, och kloer, dat Material, wat gebraucht gëtt, dass een dat deenen Haiser zur Verfügung stellt, fir dass déi dote Saachen, de Besuch, kann erlaabt ginn. An de Besuch, dat kann och net nëmmen de Besuch sinn, kuerz ier déi Leit stierwen, well ech mengen, wann ee sech dat nëmme virstellt, dass een, deen engem ganz no ass, wann deen an der Klinik géif leien an do wéisst een, deen huet vläicht just nach fir eng Woch ze liewen, an do dierft een net bei dee goen, dat ass jo extrem dramatesch. Also ech hu scho gesot, ech géif dann zum Déier ginn!”
Fir d’Martine Hansen ass et donieft nach wichteg, dass kleng Butteker gesot kréien, wéini an ënner wéi enge Konditioune si erëm kënnen opmaachen. Bei der Presentatioun vun der Exit-Strategie wär gesot ginn, dass den 11. Mee e Bilan géif gemaach an eventuell méi géif opgemaach ginn:
„Wann een dat large interpretéiert, da kéinten natierlech dann och d’Commercer vläicht méi opgemaach ginn. Wéi gesot, wat mir froen, dat ass, dass mer eng kloer Ausso och kréien, eben och fir déi dote Leit, dass se iergendwellech Planungssécherheet hunn, wat an Zukunft geschitt. Well ee Buttek oder ee Coiffeurssalon - oder ech weess net wat -, dat mécht ee jo och net vun haut op muer op. Do muss ee jo awer och Preparative maachen!”
Hei feelt et der CSV-Fraktiounspresidentin u Kloerheet. Fir si ass onkloer, ob dat Ganzt net bis zum Schluss duerchduecht ass oder net bis zum Schluss kommunizéiert gëtt.
