
Wéi héich dierft de Montant sinn, deen d’CNS ausbezuele muss a wéi vill Leit hunn de Congé pour raisons familiales ugefrot? Dat huet d’Nadine Gautier beim Minister vun der Sécurité sociale, dem Romain Schneider, nogefrot.
Et sinn Héichrechnunge vum Ministère, esou de Romain Schneider, dat well d’Decompten nach net alleguerten konnten ofgeschloss ginn. Fir de Mäerz hat een 28.500 Demanden op de Congé pour raisons familiales, d’Avancë belafe sech op 35 Milliounen Euro, déi d’Gesondheetskeess un d’Patronen ausbezuelt huet. Esou datt et dierft ee Käschtepunkt vu 50 Milliounen Euro ginn. Am Abrëll du koumen nei Parameteren dobäi.
Et wäert esou sinn, datt mir eng 30.000 Salariéen hunn, déi de Congé pour raisons familiales ugefrot hunn. A wa mir dat kucken, par Rapport zum Decompte, respektiv den Avancen hu mir fir déi do Zäit de Patronen Avancë vun 93 Milliounen Euro a beim Decompte 110 Millioune fir de Mount Abrëll.
Fir de Mount Mee sti nach keng Zuele fest, well et hei mat den Annoncë vun der Regierung schwéier ass, Prognosen ze maachen.
Et ass esou, datt dee Moment, wou een eng Demande gemaach huet, fir de Congé pour raisons familiales, déi elo laut där Circulaire, déi mir erausginn haten, an laut där Ännerung, déi mir am Reglement gemaach hunn, viruleeft. Do musse mir ofwaarden, wéi herno bei den Decompten vun de Patronen d’Salariéen hire Congé pour raisons familiales geholl hunn. D’Méiglechkeet ass jo do: et musse een en net ee ganzen Dag oder eng ganz Woch huelen, mee et kann een et och stonneweis huelen. Et ass ze fréi fir ze soen, wéi sech dat am Mee erëmspigelt.
Nach dëse Mount kéinten déi konkret an ofgeschlossen Decomptë vum Mäerz virleien, am Juni dann déi vum Abrëll.
