
Ee speziellen Exercice virum Hannergrond vun der Corona-Kris. Een zolitten Abroch vum wirtschaftleche Wuesstem ass net ze evitéieren.
RTL NEWS: Pierre Gramegna am Interview - Lëtzebuerg ass gutt opgestallt, Optimismus trotz Rezessioun D’Fourchette läit tëscht Minus 6 a Minus 12% vum PIB, bei engem Chômagetaux, deen däitlech iwwer 7% vun der aktiver Populatioun wäert klammen, huet de Finanzminister Pierre Gramegna a senger Deklaratioun skizzéiert.
Fir d’nächst Joer rechent een dann nees bis zu 7% Plus beim PIB, sollt d’Wirtschaft nees unzéien. Alles an allem hätt een dann iwwert 2 Joer gesinn stagnéiert.
D’Regierung chiffréiert de Mesurëpak, fir der Kris entgéintzewierken op elo schonns iwwer 10,4 Milliarden.
Eleng wat d’Santé ugeet, hätt ee schonns 194 Milliounen € méi ausginn, wéi u sech budgetär virgesinn, beispillsweis fir medezinescht Material. Fir déi ganz Period, wou de Congé pour raisons familiales leeft, si ronn 226 Milliounen ageplangt.
Kritik koum v.a. vum Gilles Roth, deen z.B. dovu geschwat huet, dass et eng Roadmap fir d’Relance bräicht. Hien huet ë.a. méi en niddregen TVA-Saz fir den Horesca-Secteur gefuerdert.
Den CSV-Vertrieder ass och op déi geschaten Zuelen agaange vum Wuesstem (-6% vum PIB), vun der Statsschold (20 Milliarden) a vum Dezifit (5 Milliarden):
“5 Milliarden €, dat si 5.000 Milliounen €! Dat ass den Equivalent vun 10.000 Appartementer mat engem Präis vu 500.000 €, dat ass den Equivalent vun 30 bis 35 Lycéeën!”
Den André Bauler huet vun der déifster Kris zanter den 1930er Jore geschwat:
“Eise Finanzminister muss elo wéi op engem Schëff fueren, dat sech an dichtem Niwwel beweegt. De Pierre Gramegna huet zwar e Kompass, ma deen notzt näischt, wann ee gezwonge gëtt, fir duerch eng Bucht ze fueren, an där lauter Fielsen erausstiechen!”
Dem DP-Deputéierten no wär een ënnerwee a Richtung fatzeg Rezessioun; Lëtzebuerg hätt awer och eng 10 Milliarde Stabilisatiounsmesurë virgesinn.
Fir de Claude Haagen wär net virauszegesinn, wat no där sanitärer an der Wirtschaftskris z.B. aus dem Stabilitéits- a Wuesstemsprogramm gëtt:
“Et ass - an dat soll jidderee sech bewosst sinn - eng Momentopnam. An d’Zuele si mat Virsiicht ze genéissen, well mer eben nach ni sou eng Situatioun haten!“
An den Ae vum LSAP-Vertrieder wär awer eng finanziell Marge do, fir d’Ekonomie ze stäipen an ze relancéieren.
De François Benoy vun déi Gréng huet iwwerdeems betount, dass ee Positives aus der Corona-Kris zéie misst, wéi z.B. dass et duerch Télétravail manner Stau gouf an ee méi Zäit hat mat der Famill:
“Lëtzebuerg huet gewisen, dass mer séier an effikass kënne reagéieren, an engem Moment vun der Kris. Et heescht elo, vun dëser Kris ze profitéieren an eis sou opzestellen, dass mer no der Kris méi staark do sti wéi virdrun!“
An der Chamberdebatt iwwert de Stabilitéits- a Wuesstemsprogramm an iwwert den nationale Reformprogramm war de Roy Reding der Meenung, et wär en allgemengen Effort gewiescht, dass mer finanziell gutt do stinn, an net nëmmen ee vun der Regierung eleng. Fir den adr-Deputéierte sollt sech de Staat och op dat Wesentlecht konzentréieren:
“Fir eis als adr ass et evident, dass de Staat sech soll ëm d’Käraufgabe këmmeren an déi dann awer och gutt meeschteren, anstatt Gimmicken ze maachen, „nice to have“, Nation branding a Gott weess wat, Saachen, déi fuerchtbar vill Sue kaschten an déi mol net zu de Käraufgabe vun eisem Land gehéieren!“
D’Ausgabe fir déi aktuell Kris wären ënnerschat ginn, soudass ee misst nobesseren, sou de Roy Reding, an deem sengen Aen de Gesondheetssystem net gutt opgestallt war, well déi successiv LSAP-Ministeren en iwwer Joren ofgebaut hätten.
De Marc Baum huet betount, dass no der leschter Kris net déi bezuelt hätten, déi se ausgeléist hunn; dat hätt déi sozio-ekonomesch schwaach Populatioun getraff an hir wéigedoen. Dem Vertrieder vun déi Lénk no hätt d’EU tëscht 2011 an 2018 och ëmmer nees Recommandatiounen un d’Memberlänner gemaach ... fir hir Gesondheetskäschten erofzefueren, respektiv d’Gesondheetsservicer ze privatiséieren. D’Resultat gesi mer an Italien, d’Resultat gesi mer a Spuenien, wat dat bedeit, wann een de Staat just nach op seng Käraufgabe wëll reduzéieren, wéi d’adr dat virdrun hei proposéiert huet!”
Et bräicht elo Politiker, déi de Courage hunn ëmzedenken, et wär net de Moment, fir knéckeg ze sinn, et misst een zum Beispill d’Kafkraaft vun de klenge Leit opbesseren an d’Leit mat méi Verméige méi besteieren, sot de Marc Baum.
De Sven Clement ass ë.a. op de Problem vum Logement agaangen. Bannent engem Joer wären d’Präisser an der Moyenne ëm 11% an d’Luucht gaangen; déi Entwécklung misst ee stoppen, huet den Deputéierte vun de Pirate gefuerdert:
“D’Äntwert vun der Regierung am Plan national de réforme bréngt awer fir d’Mënschen dobaussen keng direkt Erliichterung, well ausser de schonns ugekënnegte Mesuren ass wierklech kee Liicht um Enn vum Tunnel ze gesinn, oder wann et Luucht ass, da kéint et och en Zuch sinn, deen eis entgéintkënnt. Fir eis Piraten ass kloer: Mir musse méi wäit goe wéi dat, wat d’Regierung proposéiert!“
Donieft misst d’Viabilitéit vum Pensiounssystem gestäerkt an d’Digitalisatioun lieweg gehale ginn: Et hätt ee jo elo gesinn, dass vill méi Télétravail méiglech wär, huet de Sven Clement ënnerstrach.
