Net de Minister huet den Här Feith dem Verwaltungsrot virgeschloen, ma am Management vun der Kris, sinn d'Leit bei Luxair op den neie Mann opmierksam ginn.
D'Nominatioun vun engem héije Staatsbeamten an der Persoun vum Gilles Feith un d'Spëtzt vum Luxair Group ass ganz sécher net Synonymie mat Verstaatlechung, sou den Transportminister François Bausch. Am RTL-Interview bestätegt de Vize-Premier awer, datt de Staat als wichtegen Acteur en Intressi drun huet, en Daum drop ze behalen an ze kucken, wat a Punkto grouss strategesch Decisioune leeft.
Als Ministre de Tutelle beschreift de François Bausch den neie Mann fir d'Féierung vun der Luxair esou: "De Gilles Feith ass e ganz gudden, effikasse Krise-Manager. Dat huet en oft bewise beim Staat an op anere Plazen. Vu senger Formatioun hier, en ass Ekonomist, en huet Management studéiert. Et ass mengen ech genau dee Profil, deen ee brauch, fir e Betrib, deen an enger schwiereger Phas ass, mengen ech ze leeden."
Et wier net de Minister, deen den Här Feith dem Verwaltungsrot virgeschloen hätt, ma am Management vun der Kris, wieren d'Luxair-Leit op den neie Mann opmierksam ginn.
"Hien huet am Fong ganz vill de Cargo Zenter wärend der Kris elo, ech well net soe "geréiert", awer en huet Krise-Management do gemaach an ech mengen dat ass de Grond firwat verschidde Leit op en Opmierksam gi sinn. Et ass net de Minister, deen, wéi dat elo nawell gär vehiculéiert gëtt, hie proposéiert huet. De Minister huet do näischt ze proposéieren. Dat ass d'Gesellschaft an d'Aktionäre vun der Gesellschaft. Dat heescht de President vun der Gesellschaft zum Beispill, dee jo aus dem Privatsecteur kënnt", sou de François Bausch.
De Ministère géif e ganz wäertvolle Beamte verléieren, zu Gonschte vun der Privatwirtschaft. Zu Gonschte vun engem Betrib, deen der Regierung um Häerz läit, sou de Minister. Deen drun erënnert, wéi wichteg d'Luxair fir Land a Wirtschaft ass. Eng national Fluggesellschaft, déi wéi vill anerer an Europa, ganz schwiereg Zäite viru sech huet: "Mir hunn de ganze Bilan nach net gemaach. Well dat och schwiereg war, well ee jo nach ëmmer net genau weess, wéini ass de Redemarrage vun de Vollen? Ma et gëtt och ganz schwiereg fir eis national Fluggesellschaft. Wat awer kloer ass, ech mengen dat huet d'Regierung scho ganz kloer festgehalen: e gëtt Betriber an et gëtt Secteuren, déi sinn essentiell fir eis Ekonomie. An d'Luxair ass essentiell fir eis Ekonomie. Mir kënnen eis net virstellen als Regierung, datt mer e Land hätten ouni déi Airline. Wéinst der Connectivitéit déi mer brauchen. Ma wat elo genau muss geschéien, do musse mer genau kucken. Do gëtt et jo schwiereg Situatiounen. Mir musse mat Bréissel dat ofschwätzen."
D'Wuert Staatshëllefen huet de Minister vu sech aus net gebraucht, och wann all Optiounen op sinn. Et sollt ee sech déi néideg Zäit ginn. Eng vun den Haaptaufgabe vum neie Generaldirekter Gilles Feith wier, d'Luxair séier aus der Kris eraus ze bréngen. Och de Staat wäert sech do als Haaptaktionär senger Responsabilitéit net entzéien, sou de François Bausch.
D'Luxair vu Muer, soll eng méi effizient Airline ginn: "Sou gutt bei der Cargolux, wéi bei der Luxair, ass de Staat e wichtegen Acteur. Mir hunn en Interessi, datt mer wierklech déi beschte Leit dohinner schécken, och an déi Gesellschaften, fir dann ze kucken, datt d'Interessen an déi richteg Richtung ginn. Et ass jo awer esou, datt à la limite vill Steiergelder mussen dra gestach ginn. Dann ass et awer wichteg, datt mer do en Daum drop behalen. Dat mer kucken, wat do leeft. Natierlech ëmmer an der grousser Strategie."
D'Alldags-Problemer solle bei der Luxair geléist ginn. An noer Zukunft vum Gilles Feith an der Direktiouns-Ekipp ronderëm. Mat wuel weidere personelle Changementer.