D'Mark RTL ass N°1 am Land
D’Famill vun den RTL-Medien erreecht all Woch 76.2 % vun der Populatioun iwwer 15 Joer. RTL Radio Lëtzebuerg bleift den éischte Media am Land.
Zweemol am Joer analyséiert TNS-Ilres am Optrag vun der Regierung an den 3 Haapt-Medienhaiser (Editpress SA, IP Luxembourg/CLT-UFA a Saint Paul Luxembourg SA) de Mediekonsum vun der Lëtzebuerger Populatioun. D'Resultater bezéi- sech op d'Period vu Februar 2019 bis Februar 2020.
All Woch lauschtere 52.3 % vun der Populatioun (vun iwwer 15 Joer) RTL Radio Lëtzebuerg. Mat 269.600 Nolauschterer, dovunner 78.300 Auslänner, ass RTL Radio Lëtzebuerg dee meescht-consomméierte Medium zu Lëtzebuerg a bleift d'Nummer 1 vun alle Lëtzebuerger Medien.
D'Programmer vun RTL Télé Lëtzebuerg (och via Den 2. RTL* an Internet) ginn all Woch vun 253.000 Leit (vun iwwer 15 Joer) gekuckt, dovunner sinn 73.900 Leit auslännesch Residenten.
Mat méi ewéi 244.000 Visiteure pro Woch bleift RTL.lu och dee meescht-consomméierten Internet-Medium am Land. Um Lëtzebuerger Informatioun-Site sinn 72.300 Leit auslännesch Residenten.
D'Resultater aus der aktueller Plurimedia-Etüd vun der TNS-Ilres confirméieren nees eng staark Präsenz vun den RTL-Medien zu Lëtzebuerg. Op eng Woch gekuckt, erreechen d’RTL Medien 392.400 Persounen, dat si 76.2 % vun der Populatioun iwwer 15 Joer. RTL Radio Lëtzebuerg, RTL Télé Lëtzebuerg an RTL.lu beleeën an der Wochenaudienz weiderhin déi 3 éischt Plazen am Ranking vun de Lëtzebuerger Medien.
D'ganz Ekipp vun RTL Lëtzebuerg seet Iech MERCI fir d'Vertrauen, dat Dir eis Dag fir Dag entgéintbréngt.
* « Den 2.RTL » heescht zanter Mäerz 2020 (no der Plurimedia-Etüd) « RTL ZWEE ».