Mëtt Mäerz ass d'Chamber mat Kaz, Maus a 60 Deputéierten aus der Chamber op d'Plëss an de Cercle geplënnert.

Grond dofir war, dass d'Deputéiert mat den neie Confinement-Reegelen den néidege Sécherheetsofstand kënnen anhalen, wat an der aler Chamber net méiglech war. Hannert sou enger Decisioun verstoppe sech awer allerhand organisatoresch Erausfuerderungen.

Eng Konsequenz dovunner war d’Installéieren an d’Assuméiere vun der Ausstralung vu Chamber TV. Dës ass net ouni Bedeitung, well Sëtzunge vun der Chamber dem Reglement no, ausser an e puer Ausnamen, ëffentlech sinn. D’Firma, déi sech dorëms gekëmmert huet, Chamber TV weiderhin ze assuméieren, ass d'BCE, de Broadcasting Center Europe, déi mat modernster Technik an a kierzter Zäit dat onméiglecht Méiglech gemaach huet.