Lëtzebuerger Bedeelegung u Grenzkontrollen "net ganz legal"

D'Grenz op der Iechternacherbréck / © Domingos Oliveira / RTL
Zanter Hallefnuecht sinn, no laange Wochen, keng Grenzkontrolle méi op der däitscher Grenz.
Lëtzebuerger dierfen also vun e Samschdeg un nees ouni Aschränkung an ouni gudde Grond an d'Nopeschland areesen. Do muss sech natierlech un déi sanitär Reegele gehale ginn.
Lo si se eriwwer, d'Grenzkontrolle. Weder vu Däitschen, nach Lëtzebuerger Beamten. Eng Lëtzebuerger Participatioun, déi elo awer ellen an der Kritik steet. Se wär nämlech net ganz legal gewiescht, esou intern Kritiker bei der Douane.
Ënner anerem zu Veianen an zu Dosbuerg gouf de Grenziwwergang zu Däitschland vun der Douane kontrolléiert.
Et waren Ausrees-Kontrollen a wie kee gudde Grond hat, gouf natierlech heemgeschéckt – do virdrun awer goufen Numm a Plackennummer opgeschriwwen.
Erlaabt wier dat awer net, d'Lynn Luciani, Presidentin vun der Douanesgewerkschaft:
"Déi Fro hu mer eis natierlech och direkt gestallt, nodeems eis Leit op d'Grenz gestallt gi sinn. Mir hunn dës Fro och weider un Direktioun gestallt. Hei krute mer allerdéngs net wierklech Satisfaktioun. Et ass sech op e Gesetz vum 9. Juni 1994 baséiert ginn. An deem Gesetz ginn awer ganz aner Saache gehandhaabt.“
An deem Gesetz geet et nämlech nëmmen em Arees-Beschränkung, déi an exzeptionelle Fäll dierfe vun der Douane iwwerholl ginn.
"U sech misst do de Schengen-Accord ausser Kraaft trieden, fir datt d'Arees hei zu Lëtzebuerg ka kontrolléiert ginn. An déi Arees ass am Artikel 2 och ganz kloer definéiert, datt déi nëmmen a ganz gewësse Konditioune ka stattfannen. An dësem Fall gëtt sech also ganz kloer net un dee gehalen.“
Ob wat fir enger Base légale déi rezent Decisioun, déi däitsch Grenzkontrollen ze ënnerstëtzen, géif baséieren, kënnt ee bei der Douanesgewerkschaft net. Genee Uerdere fir Douanieren um Terrain gouf et och keng.
Et géifen och Donnéeë vu Leit gesammelt ginn, ma ouns ze wëssen, wou déi higinn.
"Eisen Informatiounen no ginn déi Regëstere gefouert. Déi ginn och aktuell nach gefouert. Allerdéngs kënne mir et net beäntweren, firwat déi Regëstere gefouert ginn.“
Intern Sourcë schwätzen och vu weideren Diskrepanze beim Protokolléiere vu Leit, déi op hirem privaten Terrain sech net un déi 2 Meter-Distanz gehalen hunn. Am Gesetz vum 18. Mäerz iwwert de Confinement steet, datt just en Avertissement Taxé däerf geschriwwe ginn, wann et “sur la voie publique” geschitt ass. Den zoustännege Ministère fir Douane, de Finanzministère, weess awer näischt vu sou Virfäll.
Op d'Kritik vun de Grenzkontrolle wollt een den Ament op Nofro hin nach net reagéieren.
D'Piraten hunn no der Verëffentlechung vum Artikel iwwerdeems beim zoustännege Minister an dem Direkter vun der Douane eng Sëtzung ugefrot, fir iwwert déi Problematik ze schwätzen.