Op der Musel gëtt aktuell en neie Wéngert opgemaach, sou eppes geschitt normalerweis nëmmen all 50 Joer. Zu Ohn si se zanter zwee Deeg am gaangen op enger Surface vun 90 Ar iwwer 4.000 Planzen an de Buedem ze setzen.
Wärend engem hallwe Joerhonnert kéint ee vun de Riewen an engem Wéngert profitéieren – munchmol och doriwwer eraus, sou de Wëntzer Luc Duhr am Gespréich.
Tëschenduerch falen awer och reegelméisseg kleng Aarbechten un ewéi en Drot ersetzen. Am Ausland géifen dacks Honnerten Hektar Terrain brooch leien ouni dat eppes domadder geschitt. Zu Lëtzebuerg wär et nach net grad esou schlëmm, sou de Luc Duhr weider.
D'nächst Woch ginn d'Drauwen am Prinzip an d'Bléi, eng dräi Wochen éischter ewéi nach viru Joren. Enger aler Reegel no dauert et dann nach 100 Deeg bis d'Lies ufänkt.