
De Corona-Risiko fir Kanner ass kleng, Kanner leide méi ënnert der Isolatioun, Kanner musse spillen, an et ass wichteg, datt eng gewësse Schoulnormalitéit nees ufänkt. Dat waren Aussoen, déi wärend dem Webinar gefall sinn, un deem 3 Medezinner, zwee Kannerdokteren an ee Kannerpsychiater aus dem CHL deelgeholl hunn. Dëst speziell am Kontext vu klenge Kanner a Kanner mat spezifesche Besoinen.
Et misst een de Risk vum Coronavirus fir d’Kanner a Relatioun setzen. Den Influenza-Virus wär zum Beispill méi geféierlech fir d’Kanner. Wéi et den Ament géif ausgesinn, hätte Kanner mat Asthma kee méi grousse Risiko. Et soll een zesumme schaffen - d’Elteren an d’Schoulpersonal an de gesonde Mënscheverstand benotzen.
Et misst een och Ausname kënne maachen, sou den Dr Fernand Pauly, zum Beispill bei Kanner, déi schlecht héieren an déi misste vun de Lëpse liesen. Bei Kanner mat spezifesche Besoine wär et wichteg, datt déi ënnert anerem méi getréischt misste ginn, well se Kierperkontakt bräichten. Wann esou e Kand seng Mask net sou gutt géif unhalen, wär dat normal. An engem klenge Grupp (vu 5 Kanner zum Beispill) wär de Risk och kleng. Däers misst ee sech bewosst sinn.
De Minister Claude Meisch war och bei der Table Ronde derbäi, awer éischter, fir nozelauschteren, net fir iwwer d’Politik ze schwätzen. Et géif ee permanent iwwert den neie Virus bäiléieren. Iwwer eenzel Hygiènesmesurë misst ee sécher nach déi nächst Wochen diskutéieren, respektiv se iwwerdenken. Déi schonn héich Sécherheetsmesurë géifen heiansdo iwwerinterpretéiert ginn, sou de Minister. Am Schoulhaff dierft och gespillt ginn. Mä net all mateneen. Et wär elo wichteg, datt een och an der Schoul léiert, mam Virus ze liewen.
