Vum 25. bis de 29. Mee feiert de Natur- & Geopark Mëllerdall, am Kader vun der Woch vum Natur- & Geopark Mëllerdall, säi Kulturierwen.

Zäitgläich ass dann och déi "Europäesch Geopark-Woch".

Wéinst der Covid-19-Pandemie kann awer och d'Woch vum Natur- & Geopark Mëllerdall natierlech net wéi geplangt oflafen, sou dass och hei de Programm gréisstendeels an digitaler Form op der Facebook-Säit ugebuede gëtt.

Heizou gehéiere Videoen, Presentatiounen, Liesungen a vill Informatioune ronderëm d'Regioun vum Natur- & Geopark Mëllerdall (NGPM).

Wärend der Woch gëtt dann och e ganz besonnesche Léierpad fir Kanner am Alter tëscht 6-9 Joer zu Beefort fir ze testen ugebueden.

© Natur- a Geopark Mëllerdall

De Park wäert dann och dëst Joer eng nei Kandidatur areechen, fir ee sougenannten "UNESCO Global Geopark" ze ginn. 2017 gouf esou eng Demande refuséiert, zënter deem gouf awer intensiv un enger neier Kandidatur geschafft, heescht et am Communiqué. D'Punkten, déi deemools kritiséiert goufen, goufen de Verantwortlechen no verbessert.

Méi Informatiounen iwwert d'Woch vum Natur- a Geopark Mëllerdall an zu der Kandidatur fir UNESCO Global Geopark ze ginn, fannt dir hei.