
D’Spidolsfederatioun hat der Santé d’lescht Woch eng Lëscht mat Richtlinnen eraginn, fir de Patienten et nees ze erlaben, Besuch ze kréien. Dat natierlech ënner gewëssene Konditiounen. D’Richtlinne goufe vun der FHL an Zesummenaarbecht mat alle Spidolsgruppen ausgeschafft. Dës Recommandatioune goufen elo vun den zoustännegen Autoritéiten am Santésministère validéiert.
Erlaabt si maximal 2 Visiteure pro Dag an dat am Respekt vun den üblechen Hygienèskonditiounen. Dës zwee Leit kënnen der Santé no och zesummen an engem Eenzelzëmmer op Besuch kommen. Covid-Patienten dierfe just mat engem exzeptionellen Accord Besuch empfänken. Dat heescht, wa se um Stierwe leien oder an enger “détresse psychologique importante” sinn. Vulnerabel Persounen dierfen net op Besuch goen, heescht et vun der Santé.
Eenzel Haiser hunn och scho reagéiert. Anerer dierften deemnächst nozéien. An d’Richtlinnen variéieren, trotz allgemenge Recommandatiounen, jee no Spidolsgrupp.
Sou dierfen vun elo u scho Patienten aus dem Centre hospitalier du Nord nees tëscht 15 Auer an 19 Auer owes fir eng Stonn am Dag Besuch vun enger Persoun kréien, dat huet d’Spidol op de sozialen Netzwierker matgedeelt.

Och am Centre hospitalier an der Stad an an den Hôpitaux Robert Schuman dierf een nees op Visitt goen. Hei gëllt de Prinzip vu maximal zwou Visitten den Dag vu jeeweils enger Persoun fir maximal eng Stonn.
D’Leit, déi op Besuch kommen, mussen hir Hänn desinfizéieren an eng Mask undoen, ier se an d’Gebai erakommen. Op dem Stack muss ee sech am Büro vun den Infirmieren umellen. Visitte sinn nëmmen am Zëmmer erlaabt an ier een an d’Zëmmer erageet an och bei der Sortie muss een nach emol d’Hänn desinfizéieren.
D’Hôpitaux Robert Schuman recommandéieren, fir net méi wéi zwee Leit pro Patient pro Dag eranzeloossen. An natierlech gëllen och hei déi allgemeng Barrièresgesten. Patienten, déi Covid-Symptomer hunn oder krank sinn, sinn net erlaabt.