Chambre immobilière kritiséiertPrivat Bauträger missten an d'ëffentlech Logementspolitik

RTL Lëtzebuerg
Firwat ginn déi privat Bauträger net mat agebonnen? Déi Fro wërft op en neits d'Chambre immobilière op.

Dës Kéier zesumme mat der Handwierkerfederatioun. Matten an der Corona-Kris hätt de Ressortminister Henri Kox déi neisten Entwécklungslinne vun der ëffentlecher Logementspolitik virgestallt. D’Regierung schéngt weiderhin exklusiv op ëffentlech Bauträger an de gudde Wëlle vun de Gemengen ze setzen.

Hei géife keng Léieren aus der mëssgléckter Logementspolitik vun de leschten 30 Joer geholl ginn. Et hätt een nees net doriwwer nogeduecht, wéi privat Bauträger an d’ëffentlech Logementspolitik kéinten integréiert ginn. Et wieren awer konkret Proposen do, sou d’Chambre immobilière.

Liest hei den offizielle Schreiwes.

Back to Top
CIM LOGO