Nationalfeierdag a FrankräichLëtzebuerger Arméi bei Militärparad op de Champs-Élysées dobäi

RTL Lëtzebuerg
Nieft dem Premier Luc Frieden wäerten en Dënschdeg och Zaldote vun der Lëtzebuerger Arméi um traditionelle Militärdefilé op de Champs-Élysées deelhuelen.
Vertrieder vun der Lëtzebuerger Arméi bei de Virbereedunge fir déi traditionell Militärparad op de Champs-Élysées fir de franséischen Nationalfeierdag 2026.
Vertrieder vun der Lëtzebuerger Arméi bei de Virbereedunge fir déi traditionell Militärparad op de Champs-Élysées fir de franséischen Nationalfeierdag 2026.
© Lëtzebuerger Arméi

Wéi d'Lëtzebuerger Arméi op Facebook matgedeelt huet, wäerten och "21 Militär un der Militärparad am Kader vum franséischen Nationalfeierdag de 14. Juli zu Paräis" deelhuelen. D'Vertrieder vun der Arméi wieren "no enger intensiver Virbereedungswoch op de Champs-Élysées an dem Militärgelänn Satory prett".

Dëst Joer steet de franséischen Nationalfeierdag ënnert dem Motto "Le réveil stratégique de l'Europe".

Och de Lëtzebuerger Premierminister Luc Frieden ass en Dënschdeg bei de Feierlechkeeten zu Paräis dobäi. Dat op Invitatioun vum franséische President Emmanuel Macron. Virun deem Rendez-vous ass de Luc Frieden awer schonn e Méindeg bei der Reunioun vun der "Koalitioun vun de Wëllegen" dobäi. Hei geet et drëm, d'Ukrain am Krich z'ënnerstëtzen an d'Sécherheet bannent der Europäescher Unioun ze stäerken.

Back to Top
CIM LOGO