En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, net geklommen ass.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 3 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 4.027. Vun den Infizéierte sinn der 3.253 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 46 Joer.

Den Duerchschnëttsalter vun den 110 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 82.377 Tester gemaach. Vun e Mëttwoch op en Donneschdeg ass dat eng Hausse vun 2.893 Tester, vun deene wéi gesot 3 positiv waren.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 43 aktiv Infektioune ginn an 3.874 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 31 (-2) Patienten hospitaliséiert, 3 (+1) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 931 (+2) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,520. Dat bedeit, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.