Vakanz Doheem maachen an zum Beispill de Naturpark Mëllerdall entdecken. 11 Gemengen aus dem Oste vum Land gehéieren zum Natur- a Geopark dozou.

Imposant Fielsen a riseg Plateauen aus Sandstee prägen dës Géigend. Bis 2022 wëll d'Regioun zum "UNESCO Global Geopark" derzougehéieren.

E spezielle Champignon fënnt een an der "Klenger Lëtzebuerger Schwäiz". En trount op engem klengen Hiwwel a besteet aus Lëtzebuerger Sandsteen. Hei, wou elo de Naturpark ass, gouf et fréier e Mier. Dat läit elo iwwer 200 Millioune Joer zréck.

D'Champignonsform vun dësem Fiels fënnt een am Naturpark Mëllerdall. E läit um Wanderwee N4. Dat ass zu Noumer. E puer 10.000 Joer al ass en. Seng Form huet de Fiels duerch verschidde geologesch Schichte kritt.

Op dësem Plateau ginn et nach esou Raritéiten ze gesinn. Et kann ee se als Gesëschter vun dësem dach impressionnante Champignon ëmschreiwen.

Verschidde Fielse sinn och besonnesch, et ginn der déi hu Schläifrillen. Hei gouwen d'Ränner an d'Kante vun den Aaxte geschlaff.

Enner anerem dëse Geotop soll de Label "Unesco Global Geopark" kréien. Eng deementspriechend Demande gëtt am Hierscht vu Lëtzebuerger Säit agereecht.

Och d'Noumerleeë sinn interessant fir dësen UNESCO-Label ze kréien. Hei wuesse virun allem Bichen- an Eechebeem.

Vakanz Doheem maachen... Dës Geo-Sitten am Mëllerdall kënnen dëst méiglech maachen.