Villäicht hutt Dir et och bei iech selwer gemierkt. Well d’Restauranten zou waren, hu vill Leit sech Iessen kommen gelooss. Aus dem Secteur héiert een och, dass d’Livraisounen wärend dem Confinement däitlech eropgoungen.
Verschidden Restaurateure geréieren hir Liwwerunge selwer, déi meescht schaffen awer mëttlerweil mat Entreprisen zesummen, déi d’Offer vun de Restauranten op enger digitaler Plattform presentéieren. Eng esou eng Plattform huet sech um Lëtzebuerger Marché séier en Numm gemaach an ass awer elo an d’Viséier vun der Aarbechtsinspektioun geroden.
Honger an der Mëttesstonn. Mat nëmmen e puer Klicken um Computer kritt ee säi Wonsch-Plat geliwwert. D’Plattform ''WeDely’’ mécht de Lien tëscht de Restauranten a Chaufferen, déi d’Iessen liwweren. Vill Restauranten arrangéiert dat, a si Client. Doduerch huet d’Plattform vill User, déi bestellen. Allerdéngs kucken d’Autoritéiten der Firma genee op d’Fanger, confirméiert den Aarbechtsminister Dan Kersch:
“Et ass eng Geschicht, déi scho méi laang um Lafen ass. Schonn 2018 an 2019 si Reklamatiounen un eis erugedroen ginn. Et sinn och schonn eng Rei Kontrolle gemaach gi vun der ITM. Den Direkter huet mir gesot, si hätten an der Tëschenzäit siwen Dossieren un de Parquet weiderginn. Mengen Informatiounen no gëtt och ganz intensiv un deenen Dossiere geschafft. Hei ass wierklech e Fall, wou am grousse Stil - esou gesäit et op alle Fall aus, et huet ee jo ëmmer nach d’présomption d’innocence – [probéiert gëtt,] d’Aarbechtsrecht ze ëmgoen. An do muss natierlech d’ITM aktiv ginn, an déi huet dat och gemaach”
De Parquet confirméiert op Nofro hin, dass d’Aarbechtsinspektioun Dossieren ofginn huet. En ass awer nach mat der Analyse vum Rapport amgaangen. Méi gëtt een net gewuer.
D’Aarbechtsinspektioun gouf wuel opmierksam gemaach op d’Aarbechtsverhältnis tëscht dem Liwwerservice an de Chaufferen. Déi verflichte sech, fir d’Plattform Commande bei de Client ze liwweren. Dat mat hirem eegene Gefier. Op all Liwwerung verdénge si e bëssen. Si sinn net automatesch verséchert, bezuelen net direkt an d’Pensiounskeess an, a kommen net onbedéngt op de Mindestloun. Well anescht, ewéi fir Salariéeën, gëllt fir si: all fräien Dag heescht keng Suen. Mä ob et wierklech Independanten sinn, doru besteet op d’mannst Zweiwel. Den Dan Kersch erkläert: ''Op Grond vun deenen Donnéeën, déi d’ITM kritt huet, si si dovun ausgaangen, dass et sech hei wierklech ëm Schäiselbststännegkeet handelt’’.
Mä dat misst dann am Fall wou, viru Geriicht tranchéiert ginn. D’Firma selwer huet sech zu dësen Aussoen net geäussert. Generell géif d’ITM méi kontrolléieren, fir ze verhënneren, dass d’Schäiselbststännegkeet sech verbreet.
Och aus dem Horesca-Secteur selwer gëtt et Bedenken. Liwwer-Plattformen, déi en anert Konzept hunn, respektiv hir Chauffere fest ustellen, sinn eventuell benodeelegt. D’Plattforme froen tëscht 15 an 30 Prozent Kommissioun pro Liwwerung. ''WeDely’’ ronn 25 Prozent. Dem Generalsekretär vun der Horesca riskéiert e Restaurateur duerch dës héich Kommissiounen “dass en dann eventuell net méi déi selwecht Produitenkéint huelen, fir de selwechten Präis ze halen. Oder e geet immens u seng Marge knabberen, fir just nach kënnen ze iwwerliewen. An dat mécht kee Sënn.’'
D’Liwwerungen bei d’Leit kënnen awer och eng grouss Opportunitéit duerstellen, seet den François Koepp a wërft d’Iddi an de Raum vun enger national koordinéierter Plattform. An dësen Zäite muss also och den Horesca-Secteur sech op Neies astellen.