Et misst een de Leit Vertraue gi fir d'Zukunft a méiglechst vill Aarbechtsplazen erhalen, esou d'DP-Parteipresidentin.

D'Familljeministesch ass iwwerzeegt, dass de Chômage esou kéint niddreg gehale ginn an iwwert dee Wee och d'Lächer an der Staatskeess erëm gestoppt kéinte ginn.

Deemno soll et weiderhin och net zu Steiererhéijunge kommen, fir déi massiv Depensen an der Corona-Kris auszegläichen.

Digitalen DP-Kongress
Am fréie Méindeg den Owend huet d'DP Partei-Kongress, wéi esou villes ass deen an dësen Zäiten iwwer Videokonferenz.

"Mir kommen net gestäerkt aus der Kris, ma mir hu vill geléiert" - dat sot de liberale Premierminister Xavier Bettel um Kongress vu senger Partei.

Nëmmen d'Regierungsmemberen, de Generalsekretär, e puer Mataarbechter an Dolmetscher souze physesch beieneen, déi aner Memberen hunn de Kongress online suivéiert, der Partei no déi ganzen Zäit ronn 600 gläichzäiteg.

D'Parteipresidentin a Familljeministesch Corinne Cahen an de Premier Xavier Bettel hunn d'Aarbecht vun hire bloe Regierungskolleege gelueft. Et hätt ee vill geléiert, sot de Staatsminister.

"Mir hu gesinn, datt mer eng lokal Ekonomie och hunn, an déi lokal Ekonomie funktionéiert. A mir mussen alles zesummesetzen, fir dass weider weider an der Ekonomie investéiert gëtt, an dass mer och ebe manner ofhängeg sinn vun onsen Noper oder vun aneren, a wann ech dat fir eis soen, soen ech dat och fir Europa, ass dat normal, dass eise Kontinent muss kucken, wat a China oder an Amerika produzéiert gëtt, well mer hei op eisem eegene Kontinent am Fong net dat produzéieren, wat mer an dëser Kris gebraucht haten, dat geet vu Medikamenter iwwer Masken."

Eng weider Conclusioun, déi d'DP aus der Corona-Kris zitt: d'Schaffe vun Doheem muss weider gefërdert ginn.

Déi jonk Demokraten hu proposéiert, datt d'Teleaarbecht nëmmen nach an 3 Fäll soll dierfe refuséiert ginn.

"1. den Teletravail féiert zu schwéieren Aarbechtsrisiken, wéi zum Beispill de Fall gesat, datt d'IT-Sécherheet net méi ka garantéiert ginn. 2. den Télétravail féiert zu onléisbare Problemer bei der Aarbechtsopdeelung, zum Beispill a Branchë wéi dem Eenzelhandel, wou den Télétravail oft net méiglech ass. An 3. den Télétravail féiert zu ondrobare Käschte fir den Employeur."

D'DP géif sech dofir asetzen, Steieraccorde mat den Nopeschlänner ze fannen, fir et de Frontalieren z'erlaben, een Dag an der Woch vun Doheem aus ze schaffen, huet d'Parteipresidentin a Ministesch fir d'Groussregioun Corinne Cahen versprach.

RTL

Hei dat offiziellt Schreiwes:

Digitalkongress vun der DP – eng gegléckte Première

D'DP huet e Méindeg den Owend den éischten digitale Parteikongress zu Lëtzebuerg ofgehalen. D'Zuele weisen de Succès vun dëser gegléckter Première:

#innovativ Permanent iwwer 600 Memberen hunn iwwer „Zoom“ an iwwer eis Live-Streams op Facebook, Youtube an dp.lu um Kongress deelgeholl. #interaktiv 76 Froe goufe wärend dem Live Q&A un d'DP-Ministere gestallt, 12 Memberen hu live d'Wuert ergraff.

#demokratesch 131 Kandidate sinn ugetrueden an et hunn duebel Mol esou vill Memberen hir Stëmm ofginn, wéi um Kongress dat Joer virdrun.

D'Parteipresidentin Corinne Cahen huet an hirer Ried e staarke Plädoyer fir déi lokal Betriber a Produktiounsketten gemaach, déi grad elo Hëllef bräichten: „Fir d'DP ass et elo net de Moment fir um Bockel vun de Mënschen oder vun de Betriber ze spueren. Mir wäerten och an Zukunft d'Investitiounen héichhalen, Vertraue schafen an an d’Mënschen an an eis Betriber investéieren."

„Et ass fir d'DP wichteg, datt mir déi richteg Léieren aus dëser Kris zéien an déi politesch Entscheedungen un déi ‚nei Normalitéit‘ upassen, wéi zum Beispill andeems den Télétravail nach méi gefërdert gëtt.“

Dat gesäit och de Premier Xavier Bettel esou: „Et wäert net séier an net einfach esou en Iwwergank an en Alldag ginn, wéi mer e virum 18. Mäerz kannt hunn, an dat ass net onbedéngt schlecht – ganz am Contraire. Mir hunn och vill geléiert an dëser Kris. Mir hunn de Wäert vun dem soziale Kontakt virun Ae gefouert kritt a gespuert, wéi et sech ufillt, wann eis Fräiheeten a Gefor sinn. Dofir ass et wichteg, déi Fräiheeten ze stäerken an dofir ze kämpfen, dass eis Demokratie – esou wéi mer se schätzen – och staark bleift.