Drogekriminalitéit op der Stater Gare bleift weiderhin e seriöe Problem. Do ware sech d'Deputéiert vun de Kommissioune Justiz a bannenzegt Sécherheet eens.

Engersäits soll d'Police-Presenz héich gehale ginn, anerersäits misst een de Problem gesellschaftspolitesch ugoen.

Chamberkommissioun Drogekriminalitéit / Annick Goerens

All Woch ginn tëscht 50 a 75 nei Dossieren opgemaach, déi a Relatioun sti mat Drogekriminalitéit. Pro Joer wären et der 4500. Dës Chifferen kruten d'Deputéiert de Moien vun der Justiz. Déi lescht Joren hätt sech de Problem ëmmer méi verschlëmmert. Den Handel géing an d'Luucht goen, well eben och d'Demande méi grouss ginn ass. Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar.

„Et ass net normal, dass mir hei permanent 3.000 bis 4.000 Cliente fir Drogendealer hunn. Och do mengen ech, muss ganz seriö sech Gedanke gemaach ginn. Hei ass wierklech d'Regierung op ganz verschiddenen Niveaue gefuerdert. Se ass gefuerdert um Niveau vun der Justiz, vun der Police, se ass d'ailleurs och gefuerdert, um Niveau vun der Integratioun a si ass, an dat ass net den onwichtegste Punkt, se ass gefuerdert um Niveau vun der Santé.“

Dozou d'Justizministesch Sam Tanson

Extrait Sam Tanson

„Ech sinn der Meenung, dass et ee gesellschaftspolitesche Problem ass, dee mer all zesumme mussen ugoen. Eleng duerch Repressioun komme mer hei net weider. Mir musse kucken, wou d'Problematik hierkënnt a wéi mer eis déi néideg Moyene ginn, fir se duerch déi ganz Gesellschaft erduerch geléist ze kréien. Dat geet net just mam decken Hummer.“

D’Police brauch méi Moyenen

No enger Biergerversammlung leschte September war d'Police op der Gare mat 30 weidere Beamten dorënner 20 Polizisten, 8 Leit vun der Police judiciaire an 2 Hondsmeeschter, verstäerkt ginn. Dës Presenz soll op alle Fall weiderhin héich bleiwen, do ware sech de Moien all d'Parteien eens.

Et gouf och festgehalen, dass d'Moyene vun der Police aktuell net duerginn, fir dem Problem wierklech op de Fong kënnen ze goen.  D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

Extrait Lydie Polfer

„Dass d'Police ka Leit déi ebe viru Geschäfter leien, viru Wunnengsagäng net nëmmen do schlofen, mä och hir Besoinen do maachen. Dat sinn richteg sanitär Problemer an d'Police huet do keng Moyene fir déi Leit ze zwénge fir do fortzegoen. Dat kann net sinn.“

Legislativ Lacunen

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser schwätzt vu legislative Lacunen, wat déi kriminell Säit vum Drogeproblem ugeet.

„Do kruten mer ebe gesot, dass eng Rei Frontalieren dobäi sinn, ee groussen Deel vun den Dealer aus Frankräich an aus der Belsch kommen an dann nees zeréckfueren, wat natierlech d'Verfolgung ganz schwéier mécht. Mir krute gesot, dass se regional opgedeelt ginn. Et sinn Nordafrikaner an Zentralafrikaner. Et ass och confirméiert ginn, dass se dacks nigerianesch Nationalitéit hunn. An och mat italienesche Pabeieren zum Deel hei optrieden.“
 
Well de Problem deemno an den Zoustännegkeetsberäich vu verschiddene Ministèrë fält, huet de Policeminister François Bausch ugekënnegt, dass déi 4 zoustänneg Ministeren, also nieft him selwer nach d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert, d'Justizministesch Sam Tanson an dem Immigratiounsminister Jean Asselborn bis am Hierscht e Rapport mat Conclusiounen iwwer d'Drogekriminalitéit wäerten ausschaffen. Den Rapport soll dann, wann alles riicht leeft, ugangs 2021 an der Chamber diskutéiert ginn.

„Abrigado ass eng Spillplaz fir den Drogenhandel“

Och den Abrigado an der Stad wär een Deel vum Problem erkläert d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. D'Grondiddi wär gutt, eben fir Drogenofhängegen eng sécher Plaz ze ginn, fir hirem Konsum nozegoen, ma mëttlerweil hätt et sech zu enger Spillplaz fir den Drogenhandel entwéckelt. An dat kéint et net sinn.

Extrait Lydie Polfer (2)

"Do musse mir mat der Santé no neie Weeër sichen. Am Ufank ass jo d'Iddi, an dat ass d'Grondiddi, fir Leit, déi effektiv drogenofhängeg sinn, awer a méi gesécherte Situatioune kënnen hirem Konsum nozegoen. Mä dat huet sech elo eben zu enger Spillplaz fir den Handel entwéckelt. An dat kann et net sinn. Fakt ass awer allerdéngs, dass am Abrigado déi allermeescht, déi do sinn, guer näischt weder mat der Stad Lëtzebuerg ze dinn hunn, nach mat soss enger Plaz hei aus dem Land. Ech mengen, dat ass een Anziehungspunkt ginn, dee Leit vu wäit hir heihi bréngt an dat ass iergendwéi awer och net normal."

Et kéint een den Ament op alle Fall nach net soen, ob d'Ouverture vun der Fixerstuff zu Esch een Deel vum Problem op der Stater Gare geléist hätt. Mä et kéint och net just bei Esch bleiwen, och de Norden an den Oste wären gefuerdert, fir Léisunge fir dëse soziale Problem ze fannen, sou d'Stater Buergermeeschtesch.

Problem vun der organiséierter Heescherei

Och déi organiséiert Kriminalitéit ronderëm d'Heescherei an der Stad gouf um Mëttwoch Moien an der Jointe-Chamberkommissioun kuerz thematiséiert. Do war et d'Nouvelle, dass de Policeminister géing envisagéiere fir 1-2 Policebeamten aus Rumänien op Lëtzebuerg ze huelen, déi dann d'Lëtzebuerger Kollege kéinten an hiren Efforten ënnerstëtzen.